Pragmatic Play bréngt neie Pirate Gold Deluxe Slot eraus

Pirate Gold Deluxe Slot
Den neie Pirate Gold Deluxe Slot spillt um oppene Mier a gouf vum unerkannten iGaming Studio Pragmatic Play entwéckelt. Enthousiasten wäerten awer séier erkennen, dat et sech heibäi ëm en Update vun enger fréierer Verëffentlechung handelt mat enger Rei klengen, mee interessanten a wichtege Verännerungen.

Am Ganzen ass d’Grafik bal ganz identesch bliwwen. Dat ass awer iwwerhaapt keng Kritik, well déi charmant a verréckt Charaktere ganz flott sinn an den Detail, mat deem d’Schëff gemoolt gouf, impressionant ass. Ausserdeem si mir Fan vun de ville Spezialeffekter, sou dass de Pirate Gold Deluxe flott fir unzekucken ass. D’Spill zielt zwee Haaptpersonnagen: e männlechen an e weibleche Pirat. Allen zwee gesi se aus, wéi wa se direkt aus enger Abenteuershow am Spill gelannt wieren.

De Slot ass wéinst senger exceptioneller Grafik immens gutt bei de Spiller ukomm an ass e weidere Beweis dofir, wisou Pragmatic Play esou unerkannt ass an der Industrie.

Land a Siicht!

De  Pirate Gold Deluxe baséiert op 5 Rollen, 4 Reienmusteren a 40 Spilllinnen. Den RTP ass op gudden 96,48% an den hächste Payout läit bei 15.000x de Wettasaz. Mee natierlech ass dee just fir déi wéineg Gléckspilzer ënnert eis reservéiert an net jiddereen kann dat Gléck hunn.

Dat wat hei bei dësem Spill erausstécht, ass d’Bonusronn. Dës ass aus enger Rei Grënn immens interessant. Fir d’éischt emol hunn d’Spiller d’Méiglechkeet, zu all Moment eng Bonusronn ze kafen. Dat ass eng Fräiheet, déi net all Slot engem bitt.

Se kann awer och duerch 6 oder méi Scatters mat Goldsäck ausgeléist ginn. De Spiller kritt dann direkt 3 gratis Ëmdréiungen. “Wéi, just 3?” denkt Dir Iech? Jo, mee dat hei si keng normal gratis Ëmdréiungen.

Säck voll mat Gold

Déi original 6 Goldsäck léise gratis Ëmdréiungen aus. Wann dann awer nach e Goldsak um Spillfeld lannt, da ginn dem Payout Sue bäigefüügt an de Compte vun de gratis Ëmdréiungen gëtt zréck op 3 gesat. Wann d’Gléck op Ärer Säit ass, kënne sech all 20 Plazen um Spillfeld mat Symboler fëllen, wouduerch 1000x de Wettasaz ausbezuelt gëtt, plus de gesamte Total vun alle Goldsäck Symboler.

Pirate Gold Deluxe ënnerscheed sech net dramatesch vum Original, mee ass e spannenden Abenteuer-Slot, dee ganz interessant ass an um Handy an um Computer ka gespillt ginn.

Andrej Müller
November 2020