Playson deet sech mat Top-Bedreiwer Yobetit zesummen

Playson ënnerschreift neien Deal Wann een vun engem Entwéckler soe kann, e wier um duerchstarten an hätt sech der Saach higinn? Dann ass dat ouni iergend een Doute Playson an déi ganz Mannschaft. Net nëmmen hu se fir hir Efforte schonn eng Unzuel vu Präiser agesammelt, mee den iGaming Entwéckler huet sech emmer nees weider vergréissert an huet expandéiert. Elo huet en direct zwou grouss Nouvelle bruecht, déi dat nees bestätegen:  D'Verëffentlechung vum neien Super Burning Wins Re-Spin Slot esou wéi d'Partnerschaft mat kengem anere wéi Yobetit.

Yobetit ass den absoluten it-Numm, wann et em Casino a Sportwette entertainment geet. Yobetit bedreift Sportwetten-Servicer, Casino-Spiller a Lotto-Servicer. Mat deem Industrie-Ries live ze goen, bedeit näischt aneres wéi Succès fir Playson.

Jidderee freet sech

De Sales Director vu Playson, d'Blanka Homor huet iwwert déi neist Entwécklungen an d'Zesummenaarbecht mat Yobetit bei engem kierzlechen Interview kommentéiert, dass déi ganz Equipe sech géif freeën an dës Opportunitéit als eng grouss éier géif gesin. Et géif sech schliisslech em e Gigant a ville Beräicher an der Industrie handelen. Op der anerer Säit sot si awer och, dass d'Playson-Spiller och sécherlech gutt vum Yobetit sengem existenten Zilpublic géifen opgeholl ginn.

Yobetit freet sech och, wéi Chef a Grënner, den Nikolai Llvorl, sot. De CEO huet gesot, dass Yobetit Playson al seen vun de beschten Entwécklern um Marché géif gesinn. Dat wier natierlech e groussen Avantage an der Partnerschaft.

Super Burning Wins Respins

Natierlech huet sech och vill am Entwécklungsberäich gedoen, wéi een vun der Verëffentlechung vum neiste Slot eraus schléisse kann. Super Burning Wins Respins geet nach eng Kéier op de klasseschen Casino-Spill-Stil an. Et ass awer och méi wéi just e Spill, wat doriwwer handelt, wéi Vegas-Slots entstaane sinn. Dank Playson a senger eenzegaarteger Charakteristik, handelt et sech bei dësem Spill ëm villes méi wéi just nach eng weider Spillverëffentlechung vun engem weideren Entwéckler. Et ass elo nämlech Deel vum Playson senger Timeless Fruit Serie mat enger Varitéit vun neien Special-Features an Méiglechkeeten, fir vill Suen ze gewannen.  

Déi neist Slot-Verëffentlechung zielt zu enger vu villen Neiverëffentlechungen vu Playson zënter Enn Oktober. Et ass evident, dass de Spillentwéckler fir 2020 nei Rekorder brieche well.

Andrej Müller
November 2019