Playtech Casino-Spiller mat zousätzlecher Sécherheet

Spillsécherheet vu Playtech-Spiller verbessert
Playtech an TruNarrative hunn en neie Vertrag ënnerschriwwen. Déi vun TruNarrative ugebuede Léisunge bzgl. Affordabilitéit ginn doduerch mat der Informatiounsmanagement Léisung vu Playtech kombinéiert. Dat bedeit konkret, dat den Onboarding Prozess fir Notzer vereinfacht gëtt, sou dass Fans vu casino game sech esou séier an efficace wéi méiglech un nei Iddie gewinne kënnen. De Playtech Iwwerpréifungsservice vun Notzer gëtt ausserdeem och verstäerkt, dank der neier Zesummenaarbecht mat den Experten vum elektroneschen Know-Your-Customer (KYC) an der Betrugserkennung.

D’Affordabilitéitsléisung vun TruNarrative, kombinéiert mat der Online-Casino Plattform vu Playtech, hunn d’Bedreiwer d’Méiglechkeet, Notzer z’identifizéieren, déi konstant méi spillen, wéi se sollten. Dat bedeit, dass Casino-Spillbedreiwer d’Méiglechkeet kréien, op den Notzer ofgestëmmt Regelen a Kraaft ze setzen a seng Affordabilitéitsdaten, esou wéi säi Spillverhalen a seng Transaktiounen am Bléck ze halen. Doduerch huet de Bedreiwer d’Méiglechkeet, automatesch Entscheedungen ze treffen a manuell Investigatioun ze bedreiwen, baséierend op Echtzäitinformatiounen an engem Tracking, dee sech iwwer eng Villzuel vu Marken zitt.

Et geet drëms, den Notzer ze schützen

Den Ian Ince, Chief Compliance Officer vu Playtech, sot, et géif drëms goen, d’Positioun vun de Bedreiwer nees ze stäerken a gläichzäiteg d’Notzer ze schützen. Hien huet op déi vill nei Regulatiounen hisiichtlech Affordabilitéitsléisunge verwisen an d’Nohaltegkeet vum Online-Casinospill ugeschwat. Playtech géif elo, sou den Ince, sämtlech Virschrëften respektéieren.

Den Ince huet och iwwert d’Roll vun TruNarrative als Sécherheetsexpert fir d’Spillbranche geschwat. Doduerch hätte si sech séier als wichtege Parner fir de Casino-Spillentwéckler gewisen. Hien huet och präziséiert, dass Affordability UK et Playtech erméiglecht, eng héischmodern a féierend Léisung unzebidden, déi duerch wast Daten ënnerstëtzt gëtt. Bedreiwer kéinten elo ausserdeem vun enger einwandfräier Erfarung profitéieren, vu dass de Pak mam Playtech-IMS ausgestattet aus.

TruNarrative freet sech iwwert den neie Vertrag

De Chief Executive Officer vu TruNarrative, de John Lord, huet gesot, dat seng Firma dem Entclient eng Rei vu spezialiséierte Servicer bruecht huet, säitdem ee mam féierenden Online-Spillentwéckler Playtech géif zesummeschaffen. Hien huet präziséiert, dass jidderee sech iwwert déi nei Affordability UK Léisung géing freeën.

De Lord huet och erkläert, dass et en eemoolegen Abléck an an d’Spillroutine vu Casino-Spillnotzer bitt, a wichteg Informatiounen doriwwer liwwert, op en Notzer sech seng Wettasätz leeschte kann oder net. Notzer mussen ausserdeem keng Pailleziedele oder aner relevant Dokumenter méi ofginn, sou dass amm allgemengen eng méi flësseg Spillerfarung kann ugebuede ginn. Hie mengt ausserdeem, dass et e wichtegen Deel an e wichtegt Tool fir Online-Casinobedreiwer wäert ginn, fir d’Virschrëften vun der UK Spillkommissioun net just ze erfëllen, mee doriwwer eraus ze schéissen a jidderengem eng sécher Spillerfarung ze bidden.

Andrej Müller
Dezember 2020