Quickspin racks up the WiG nominations Wien ass Meeschter vun der Welt? Ma d’Fraen natierlech! An elo gesäit och d’Spillindustrie dat un a verdeelt Präiser fir genee dat. Zejoert goufe 4 weiblech Mataarbechter vu Quickspin nominéiert, anzwar an de verschiddenste Katégorien. D’Firma selwer gouf an nach zwou weideren Disziplinen nominéiert.

De Präis fir d’Diversitéit an der Spillindustrie, dee vun der IGA (International Gaming Awards) verdeelt gëtt, fënnt dësst Joer de 16. Mee am Savoy Hotel zu London statt.

déi 4 Nominéiert

Déi 4 weiblech Mataarbechterinnen vu Quickspin, dé nominéiert goufe sinn d’Amile Zamponi, d’Gamification Sales Director, d’Sandra Lindberg, HR Manager, d’Valeria Russo, Account Manager an d’Tetyana Matvyeyeva, Agile Project Manager. Nominéiert goufe se jeweils fir den B2B Excellence, Leader vum Joer, Star vun der Zukunft a jonke Leader vum Joer.

De Präis refklektéiert déi ganz Aarbecht, déi Quickspin a virunallem HR Manager Sandra Lindberg an d’Diversifikatioun gestach an investéiert hunn. De CEO vun der Firma, den Daniel Lindberg huet gesot, dat d’Präiser genee dësen Effort unerkennen. Hien huet och gesot, dass d’Firma méi wéi just eng Aarbechtsplaz wier, mee eng Plaz, déi un Diversitéit a Gläichberechtegung gleewt.

Quikspin gouf och fir bescht Aarbechtsplaz nominéiert a fir bescht Firma vum Joer. Doduerch goufe se insgesamt fir sechs Präiser nominéiert. De Lindberg beschreift d’Firma als eng Organisatioun, déi fir Inklusivitéit schafft, andeems Virbiller agestallt ginn, déi déi aussergewéinlech Leit motivéiere sollen, bei hir Firma ze kommen. E sot ausserdeem och, dass d’Firma sech net méi glécklech schätze kéint.

Iwwert d’WIG-Präiser

D’Präiser goufen vun der IGA initialiséiert a sollen déi Verännerungen an der Industrie, déi esou schonn offensichtlech genuch ginn, reflektéieren an natierlech och déi Persounen, déi dëss Verännerungen viru bruecht hunn, ieren. Zu den anere Kategorien gehéieren diversifiéiert an inklusiv Équippen an LGBT Virbiller.

De Colin Thompson, Direkter vum Clever Duck Media huet gesot, dass Diversitéit Deel vun der Kultur vun der Indutrie muss ginn an net just eng Prioritéit bleiwen däerf. Clever Duck bekëmmert sech em déi International Gaming Awards.

Eng détailléiert Vu op Quickspin

2011 gegrënnt ass Quickspin féierend an der sozialer Echtsuen Casino-Industrie. 2016 huet Playtech d’firma ofkaf a säitdem krut d’Firma verschidde Lizensen a verschiddene Länner.

Dës Mark, déi a Schwede gegrënnt gouf, ass virun allem fir hir innovativ Slots bekannt. Hire Spill-Portfolio ka liicht an d’Systemer vun de Clienten integréiert ginn a kënnt mam Spiller-Management a retentiounssystem.

Dës Firma, déi scho vill Präiser gewonnen huet, schafft mat anere féierenden Entreprisen aus der Industrie zesummen, wéi zum Beispill LeoVegas, Betsson, Unibet, Danske Spil a Poker Stars an ass a bal alles Beräicher vun der Industrie gutt bekannt. An elo wëlle se an nach engem Bräich glänzen. D’Nominéierungen maache schonn de Wee fir se fräi.