Gibraltar a Spuenien wëlle Brexit-Konsequenzen minimiséieren

 D’Industrie virum Brexit schützenGibraltar a Spuenien konnte sech eenz ginn an hunn e Vertrag ofgechloss, elo, wou de Brexit ëmmer méi no kënnt. Gibraltar, de klenge Stat am Ausland fält den Entscheedungen, déi bei de Brexit-Diskussioune getraff ginn, zum Affer. Dat bedeit natierlech och, dass déi negativ Aspekter vum Brexit och grouss Konsequenzen fir Gibraltar kéinten hunn.

Wat kéint de Brexit fir Gibraltar bedeiten?

Obwuel Gibraltar zu groussem Deel autonomy regéiert gëtt, fält ët awer ënner britesch Soverenitéit, an dat kéint e groussen Afloss op d’Stabilitéit vun den Online-Casinoen an d’Spillindustrie hunn. Wa Groussbritannien d’EU verléisst, da muss Gibraltar matgoen.

Gibraltar ass d’Doheem vun ongeféier 30 Spillentreprisena 14000 Persounen, also 60% vun der Aarbeschtskraaft an der Branche, kommen all Dag aus Spuenien. En haarde Brexit kéint dozou féieren, dass d’Iwwerschreiden vun der Grenz zu engem Problem kéint ginn.

Dat ass awer net den eenzege méiglechen Negativpunkt fir d’Industrie. En haarde Brexit kéint och bedeiten, dass britesch Firmen hir Servicer net méi den EU-Clienten ubidde kënnen. Dat géing bedeiden, dass d’UK zréck an d’WTO-Reglementer muss an dëss hu keng Arrangementer fir Servicer aus der Spillindustrie. Doduerch hu verschidde Firmen scho réagéiert: Paddy Power Betfair huet hir Büroen a Gibraltar zougemaach an William Hill a Bet 365 plënneren och op Malta.

De Fabian Picardo, den Haaptminister aus Gibraltar huet scho mat der spuenescher Regierung en Deal ausgeschafft, dee virgesäit, dass de Grenziwwergang tëscht de béide Länner net ënner d’Brexit-Folgen fält. Doduerch well en Suergen berouegen.

Picardo huet ausserdeem gesot, dass déi zwee Länner raisonabel diskutéiert hunn, an der Hoffnung, den Zoll, d’Sécherheet an d’Emwelt ze erhalen. Dëse Vertrag tëscht den zwee Territoiren ass elo déi neist Entwécklung am Versuch, déi britesch Industrie vun de Brexit-Konsequenzen onbeschuet ze beloossen. Ufank zejoert huet d’Gibraltar Betting and Gaming Association Lizenenverännerungen, jährlech Käschten an nei Steieren implementéiert, fir d’Verloschter vun engem potenziell haarde Brexit auszebalancéieren.

D’Industrie ass fir de Moment sécher

De Minister huet ausserdeem bäigefügt, dass niewent dem Vertrag, de spuenesche Premier Pedro Sanchez och versprach huet, Gibraltar net als Mëttel zum Zwéck an de Verhandlungen mat der UK ze benotzen.

Déi britesch Regierung huet Gibraltar zudeem den Zougang zum briteschen online Spillmarché no Brexit versprach.

Am Moment gesäit d’Branche also sécher aus, wéi och e puer Serviceubidder bestätegen. Scientific Games huet zum Beispill elo réischt nei Büroen do opgemaach fir d’Sportwetten, wat e kloert Zeeche vu Vertrauen a Sécherheet ass.

Quell:

http://www.igamingbusiness.com