Stakelogic deet sech mat ORYX zesummen

Stakelogic ënnerschreift neien DealDank der Duechtergesellschaft vun Novomatic, Stakelogic, an der neier grousser Partnerschaft, wäert Oryx Gaming vun der Bragg Group geschwënn vun der grousser Auswiel u vu Stakelogic entwéckelte Top-Slots profitéiere kënnen. De Contenu wäert u lizenzéiert Bedreiwer op der ganzer Welt verdeelt ginn, an zwar iwwer d’präisgekréint ORYX Plattform.

Den Accord gouf kierzlech an Amsterdam am iGB Live! ënnerschriwwen. Et ass nawell zimlech ubruecht, virun allem well Amsterdam an Holland als d’Doheem vu Stakelogic ugesi gëtt.  

Nei mee net ouni Erfarung

Den ORYX Hub huet sech eng virbildlech Reputatioun als Leader an der Spillënnerhalung opgebaut. D’Plattform ass esou vill méi wéi just eng Distributiounsplattform, well et handelt sech ëm eng verbessert Sammlerplattform déi hiren Benotzer net nëmmen Casinospiller a Slots vun héchster Qualitéit ubitt, mee och eng grouss Auswiel u Lotterieproduiten an eng grouss Selektioun vu Sportswetten.  

Obwuel den ORYX Hub réicht kierzlech esou ënnert dësem Format lancéiert gouf, erhält et schonn d’Ënnerstëtzung vu verschidden Top-Entwéckler. Haut hunn 80 vun de bekanntste Spillentwéckler op der Welt d’Plattform als Distributiounspunkt ausgewielt, Bedreiwer op der ganzer Welt kënnen op iwwer 8.000 héichwäerteg Spiller (dozou gehéieren natierlech online Sportswetten an Lotterieproduiten) zougräifen. Tatsächlech sinn all Top-Software Nimm déi een opzielen kann um ORYX Hub erhältlech. Zu de bekannten Entwéckler déi d’Distributiounsplattform benotzen gehéieren ënnert Anerem NetEnt a Pragmatic Play; just fir Iech e puer vun den groussen Nimm ze nennen.

D’Méiglechkeeten kënnen keng Grenzen

Wéinst dem ORYX Hub ass et einfach d’reguléiert Welt z’erreechen. D’Plattform ass am Moment an all den nennenswäerten Platzen lizenzéiert, an dozou gehéieren Schweden, Kroatien, Malta, Groussbritannien, Spuenien, Kolumbien an Schleswig-Holstein an Däitschland. Aner Platzen sollen geschwënn nokommen.

Stakelogic sengersäits huet Spiller entwéckelt, déi zu den Beschten weltwäit gehéieren. Zu de belëften Spiller gehéieren ënnert Anerem ‘Book of Cleopatra’, ‘Book of Adventure’, ‘Ecnhantment’, ‘Classic Forties’ an ‘Wild Stallion’. Dat ass nees just eng kleng Partie vun de Spiller.

Déi zwou Parteien hunn hir Zefriddenheet bezüglech d’Detailer vum Deal ausgedréckt an si soten dat d’Méiglechkeeten duerch déi gebündelt Ressourcen onendlech sinn.

Andrej Müller
Juli 2019