Stakelogic kënnt op den italieneschen Online-Casino Marché

Stakelogic an Italien
Den iGaming Entwécklungsstudio Stakelogic huet e grousse Schratt no vir an der Online Casino Spillindustrie. Anzwar huet d’Firma sech drastesch um europäesche Marché ausgebreet.

De CEO vu Stakelogic, de Stephan van den Oetelaar, huet en enger neier Matdeelung un d’Press annocéiert, dass d’Spiller vun der Firma elo och op Italie géife kommen. Dat bedeit, dass déi lokal Bedreiwer do Accès op sämtlech Spiller vu Stakelogic kréien a se den italienesche Clienten da kënnen ubidden. Italienesch Enthusiasten vun Online-Slots freeë sech mat Sécherheet op all déi nei Spiller, déi se erwaarden. Zu de Favoriten Book of Adventure an Enchanted.

Dëse Schratt ass e groussen Erfolleg fir d’Firma, wat d’Expansioun vun hirer Aarbecht  ugeet. Dëse Schratt ass ee vu villen, deen dësen Software-Studio fir Online-Casinoe geet.

no de Stäre gräifen

Den Oetelaar erklärt weider, dass dësen Expansiounsschratt an Italien noutwenneg gewiecht wier, fir de féierenden iGaming Entwéckler op der ganzer Welt ze ginn. Weider seet en, d’Spiller vu Stakelogic wieren op der ganzer Welt interessant a géifen iwwerall appreciéiert ginn. Dat heescht näischt aneres, wéi dass all Regioun op der ganzer Welt, an där d’Firma nach net präsent ass, an Zukunft soll erobert ginn.

De beschten op der Welt ze sinn ass sécherlech eng gewoten Aussoo an zimmlech ambitiéis. Et gesäit awer esou aus, wéi wann den Entwéckler an déi richteg Richtung géif goen. D’Nouvell, dass den Entwéckler elo och op den italienesche Marché géif kommen, kënnt nämlech zesumme mat enger anerer: E kënnt nämlech elo och an d’Vereenegt Kinnekräich. Hei konnt een e Bedreiwer-Permis vun der United Kingdom Gambling Commission (OKGC) kréien, wouduerch de Wee och op dësen Online-Casino Marché fräigemaach gouf.

Informatiounen doriwwer, ab wéini d’Spiller um englesche Marché verfügbar wieren, ginn et keng.

Schnell global Expansioun

Stakelogic schléit Wellen an der Welt vum iGaming. An et gesäit net esou aus, wéi wa se demnächst géifen ophalen oder vum Gas goen. 2020 ass elo schonn duerch e staarke Push op wichteg Online-Casino Marchéë gekennzeechent, mat engem Fokus op Europa. Weider Permise fir Portugal, Dänemark, Spuenien, Schweden, Malta a Rumänien goufen nämlech och scho séchergestallt.

Weiders gouf ausserdeem confirméiert, dass en neie Bedreiwer als Partner fonnt gouf. D’Ried ass vu Pariplay. Duduerch ginn d’Spiller vu Stakelogic nach méi op der ganzer Welt präsent.

Wann de Studio an deem Tempo weidermécht, da wäert e säin Zil de Marché ze dominéieren, wuel relativ schnell erreechen. Wat no Europa kënnt, steet allerdéngs nach an de Stären.

Andrej Müller
Mäerz 2020