Geplangte Casino- Fusioun am VK gëtt ënnersicht

Enquête iwwer Casino-Fusioun am VKD’lescht Joer haten The Stars Group a Flutter Entertainment eng Fusioun an Héicht vun e puer Milliarde Pond tëschent deenen zwee Giganten aus der britescher Casino-Industrie ugekënnegt. Nom Ofschloss vun där Fusioun mécht déi nei Entitéit stattlech 26 Prozent vum gesamten Online-Glécksspillmaart an der Regioun aus. Dat huet Bedenken ausgeléist an d’Competition and Markets Authority (CMA) ass ageschratt, fir dee proposéierten Deal ze ënnersichen.

D’CMA huet hir Enquête scho gestart a wäert déi éischt Phas bis den 31. Mäerz ofschléissen. D’Resultater wäerte weisen, ob dës Fusioun de Wettbewerb um Maart reduzéiere wäert oder net, a si wäerten den Deal stoppen, wann si der Meenung sinn, datt e schiedegend fir aner lizenséiert Casino-Bedreiwer am Vereenegte Kinnekräich ass. De Grond fir d’Enquête ass deen, datt den annoncéierte Maartundeel vun deem neie Projet iwwert de 25% läit, deen d’CMA als Seuil fir esou Fusiounen fixéiert.

Bedenken iwwert de Wettbewerb um Maart

Et ass och net déi éischte Kéier, datt d’CMA huet missen aschreiden an esou eng Fusioun ënnersichen. D’Associatioun hat eng geplangte Fusioun tëschent Just Eat an Takeaway.com gebremst. D’CMA hat gréisser Ännerungen um Deal verlaangt, éier si engem Zesummeschloss zougestëmmt huet. Aner Dealen, déi zu enger Verréngerung vum Wettbewerb an engem bestëmmten Online-Ëmfeld gefouert hätten, huet si komplett ënnerbonnen. Déi gréisst Casino-Fusioun, an déi si awer bis ewell verwéckelt war, war den Deal am Joer 2016 tëschent Ladbrokes a Gala Coral. Déi zwou Gesellschaften hu ronn 400 Wettbüroe misse verkafen, fir d’Geneemegung fir eng Fusioun ze kréien.

Ee vun de gréisste roude Fändele fir dës Fusioun an der Casino-Industrie ass d’Muecht, déi déi nei Gesellschaft am Beräich vun den Online-Sportswette kréie wäert. Zesumme wäerte si ëm déi 40 Prozent vum gesamte Secteur am Vereenegte Kinnekräich halen. Béid Gesellschaften halen eenzel schonn e groussen Deel vum Sportswettesecteur, mat Marke wéi Sky Bettingn and Gaming a Paddy Power.

Nei Pläng vun der Gesellschaft no der Fusioun

Wann d’Gesellschafte gréng Luucht vun der CMA kréie sollten, hoffe si, datt den Deal virun Enn dës Joers ofgeschloss ass. Duerno wäert déi nei Gesellschaft offiziell dee gréissten Online Casino-Bedreiwer op der Welt sinn, wann et ëm d’Revenue geet. Es gesäit och esou aus, wéi wann et no der Grënnung dann awer mol Schluss wier. De Plang ass, um amerikanesche Sportswettemaart ze expandéieren, well déi zwou individuell Gesellschafte scho selwer éischt Schrëtt an dës Richtung ënnerholl hunn.

Andrej Müller
Februar 2020