STS kënnt op de globale Marché

STS op globalem Niveau
STS ass den éischten nationale Spillbedreiwer, deen sech elo och ausserhalb vun de polnesche Landesgrenzen versicht. An Zesummenaarbecht mat BetConstruct huet STS dës Woch 11 auslännesch Marchéën ageholl an hir international Mark domadder lancéiert.

D'Firma huet hir Expansioun an enger offizieller Pressekonferenz Ufank dëser Woch matgedeelt. De Chef vun der Firma, de Mateusz Juroszek huet matgedeelt, dass verschidden BetConstruct Produiten elo an Groussbritannien, Lettland, Däitschland, op Malta, a Slowenien, Gibraltar, Norwegen, San Marino, Lëtzebuerg an Andorra géife verëffentlecht ginn.

D'Firma viséiert domadder déi ausgewandert polnesch Bevëlkerung an deene Länner, virun allem an der UK. Juroszek beschreiwt weiders d'Firma als eng polnesch Firma, déi bei de Polen bekannt ass an STS gleewt drun, dat se et faerdeg brengen, déi 2 Milliounen potentiell Clienten am Ausland op hirer polnescher Plattform zesummenzebrengen. Se gleewen, dass dës polnesch Ënnerstetzung vun der Expat-Community en enormen kompetitiven Virdeel duerstellt.

Spiller, déi STS als Ubidder wielen, kënnen vun de beléifte Spiller vu BetConstruct profitéieren. D'Firma wäert alles méiglecht ubidden, vun der eSports-Plattform, den Spotwetten an den Live- an RNG-Casino bis hin zu virtuelle Sportspiller a Wettstatistiken.

Iwwer STS

Zënter ville Jore schonn ass STS den Haaptubidder fir Wetten a Polen. D'Firma huet a modern Technologien investéiert fir en Leader an der Industrie ze bleiwen an entwéckelt och duerchgoend nei Produkter.

D'Firma huet an de leschte Joren en enorme Wuesstem erlieft, woubäi d'Akommen vun 220 Milliounen PLN op 2,41 Milliaren PLN eropgaange sinn. Am Moment hu se 47% vun polnesche Marché an de gréissten Deel vun der Chiffre d'Affaire kënnt vun den Online-Kanaler wéi den Android, iOS, Web-Division an Tablet-Plattformen.

De Chef vun STS huet och gesot, dass e sech virstelle kéint, och op de britesche Echtcasino um UK-Festland z'expandéieren.

BetConstruct Basics

BetConstruct ass e Leader an der Industrie an Ubidder vun B2B-Produiten ewéi Sportwetten, Daten, Retail-Léisungen, RNG a Live-Dealer Spiller, Video-Poker, Fantasy, an eSports.

D'Firma huet ausserdeem hir neisten Entwécklung, de Fasttoken, zejoert um ICE zu London presentéiert. Fasttoken ass op Ethereum-base an e Blockchain Spillprodukt. Déi leschten Blockchain Verëffentlechung hat eng Unzuel vu Problemer thematiséiert, déi Entwéckler an der Industrie begéint waren, esou wéi dass et ze lues an ze deier war.

D'Firma war am Staan, d'Transaktiounen duerch de schnelle Kanal ze beaarbechten. Dat ka se a just zwee kuerze Schrëtt maachen. Ausserdeem gëtt den House Edge op just 1% reduzéiert (den Duerchschnëtt läit bei 4%). Dat sinn natierlech fantastesch Neiechkeeten fir d'Spiller.

D'Zesummenaarbecht mat STS ass e grousse Virdeel a soll dem Portofolio vun der Mark nach weider undreiwen an nach méi Gewënn um Marché brengen.

Quell:

https://casinonews.today/

Andrej Müller
Februar 2019