Unibet verlängert Sponsordeal mam Club Brugge

Unibet erweidert SponsordealUnibet vun der Kindred Grupp huet net nëmmen hiren Partenariat mam belschen Club Brugge zäitlech verlängert, mee si hunn et och gepackt hirem Logo eng méi grouss Bedeitung ze ginn andeem si fir sech vir op den Trikoten werben an net wéi fréier nëmmen op den Äerm vun den Trikoten. Unibet ass elo een vun de bekanntsten Sponsoren vun der Equipe aus dem Jan Breydel Stadion.

De kommerziellen Direkter vum Club Brugge, de Bob Madou, huet d’Erweiderung vum Partenariat mat Unibet als de gréissten kommerziellen Sponsordeal vun der belscher Liga beschriwwen. De Madou huet och gesot dat den Interêt vun Spillbedreiwer fir mam Club en Sponsordeal auszehandelen näischt Neies wier an dat d’Equipe dowéinst iwwerzeegt ass, dat d’Entscheedung d’Collaboratioun z'erweideren souwuel vun Unibet als och vum Club gläichermoossen anstänneg consideréiert gouf.

Wisou et eng perfekt Unioun ass

De Madou ass och ausféierlech op d’Verantwortungskultur vum Club agaangen well et dat eng Prioritéit duerstellt. Hien sot dat d’Kindred Grupp als Leader am Domaine vum responsabelen Glécksspill ugesinn gëtt. Dat, souwéi d’streng Regulatiounen an insgesamt déi enk Lienen mam Sport maachen aus Unibet den perfekten Sponsordeal Partner an der Liga.

Den Fait dat Bedreiwer hir Sponsordeals mat Sportteams erweideren ass mëttlerweil zimlech gängeg vu dat Sportswetten weltwäit reguléiert ginn. D’Annulatioun vun der PASPA an den USA hat en groussen Impakt op Sportswetten well si elo besser ugesinn ginn. Sportsequipen bleiwen awer weiderhin opmierksam wann et dorëms geet e Sponsordeal Partner ze fannen, well si hir moralesch an professionell Integritéit bäibehalen wëllen.                                                                               

Eng gemeinsam Betribskultur

Den Haaptzoustännegen fir d’Sponsordeals bei Kindred, Timothy Mastelinck, ass genau esou enthusiastesch iwwert d’Erweiderung vun der Zesummenaarbecht wéi d’Liga. Mastelinck sot dat et fir Unibet eng Éier ass den Club Brugge ze sponseren. Déi zwou Entitéiten sollen vill Ähnlechkeeten hunn, mee am Zentrum vun den Gemeinsamkeeten soll no Mastelinck d’Fairplay Kultur stoen.

Hien ass op d’Wichtegkeet vum Fairplay agaangen an hien sot dat et wahrscheinlech den wichtegsten Aspekt vun allen ass. Clienten hunn eng sécher, geselleg, transparent an fair Wetterfarung verdéngt, an Unibet ass dovunner iwwerzeegt dat d’Collaboratioun mam Club Brugge genau dëser Visioun déngen wäert.

Andrej Müller
July 2019