Wazdan op der Shortlist fir prestigiéis Auszeechnung

Wazdan fir den iGaming Award nominéiert

Dëst Joer war vun enger brancheniwwergräifender Unerkennung fir déi kreativ Entwéckler vu Slot-Maschinne vu Wazdan markéiert. D’Equipe ass stolz drop, datt et bei hirer Aarbecht net de Ruhm oder d’Suen am Mëttelpunkt stinn, mä datt d’Softwareentwécklung dat ass, wat si am beschte kënnen, an dat dank enger reeller Passioun fir Slot-Maschinen a fir d’Verbesserung vun der Casino-Industrie.

An awer ass et ëmmer schéin ze gesinn, wann engem säin den Engagement unerkannt gëtt, a sou wore mir och guer iwwerrascht, wou d’online Casino-Gesellschaft op der Central and Eastern Europe Gaming Conference zu Budapest mam prestigiéisen Online Casino Innovator Award 2018 ausgezeechent gouf.

Dat kompetent Team huet net nëmmen zu Budapest iwwerzeegt, mä huet och de Start-up of the Year-Präis beim iGaming Excellence Awards 2018 zu Malta gewonnen a stoung op der Shortlist fir de begierte Best Gaming Innovation Award bei den SBC Awards vun dësem Joer.

Nominéiert fir héchst Auszeechnungen

Op der Shortlist fir iergendeng Auszeeechnung bei de Malta Gaming Awards ze stoen ass eng Éier, déi engem net einfach esou an de Schouss fält, vum Best Gaming Innovation Award guer net ze schwätzen. Dat ass déi Zort vun Auszeechnung, vun där déi meescht Entwéckler nëmmen dreeme kënnen, d’Lëscht vun de Bedéngungen, déi fir eng Nominatioun erfëllt musse sinn, ass onendlech laang. Wann een deemno souguer op der Shortlist steet, bedeit dat déi ultimativ Unerkennung.

Ausserdeem gëtt um Event vun dësem Joer net nëmmen dee weltbekannten Operesänger Joseph Calleja erwaart, den de Kulturambassadeur vu Malta ass, mä och de President vu Malta, hir Exzellenz Marie-Louise Coleiro Preca, héchstperséinlech.

Schlësselfäerdeg Léisungen

D’Malta Gaming Awards 2018 sinn déi drëtt Editioun vun dësem mëttlerweil weltbekannten Event an de ganzen Erléis vum Ticketverkaf geet u wueltäteg Organisatiounen. Iwwer 12.000 Participante gi bei der Gaming Week zu Malta, déi mat der Präisiwwerreechung offiziell erëffnet gëtt, erwaart.

Wann een Team vun Entwéckler et verdéngt huet, déi ultimativ Auszeechnung ze kréien, da mat Sécherheet d’Equipe vu Wazdan. Et sinn net nëmmen hir top-qualitativ Spiller, déi d’Opmierksamkeet vun der Industrie op sech zéien, mä och hir exklusiv Gamme vu speziellen Fonctiounen an Tools.

Fir Wazdan geet et net nëmmen drëm, d’Spiller mat hirer Offer un onvergläichleche Spiller ze begeeschteren, mä och de Bedreiwer e komplette Package u schlësselfäerdege Léisungen unzebidden.

Quell:
https://casinonews.today/

Andrej Müller
November 2018