White Hat Gaming ënnerschreift Swintt Casino Spiller Vereenbarung

Swinnt a White Hat Gaming schléisse sech zesummen
Swintt huet ee Partnerschaftsofkommes mat White Hat Gaming ënnerschriwwen. Der kierzlech ënnerschriwwener Vereenbarung no wäert White Hat Gaming, dem Ubidder vun der White-Label-Casino Plattform, d‘Gesamtheet vu Swintt sengem Contenu a komplett Casino Spiller un d‘Clienten weiderginn.

Héichwäerteg Casino Spiller

Swinnt, de Bedreiwer mat Sëtz zu Malta, erweist sech a relativ kuerzer Zäit als Online-Gaming-Erfolleg. Dem Entwéckler vun den héichwäertege Casino Spiller säin Erfolleg ass op säin ëmfangräicht Angebot vu Produiten zréckzeféieren.

D‘Mark, déi momentan méi wéi 70 Employéen an hirem Betrib zu Malta beschäftegt, offréiert de Casino Bedreiwer etlech landgebonnen Titelen, sou wéi och eng Rei proprietär Casino Spiller mat iwwer 33 opreegenden an innovative Slots. Zur Mark hire beléiftste Slots gehéieren ënnert anerem Fruit Fever, Royal Golden Dragon, Monkey King, Perseus, Master of Books, Fresh Fruit, Seventy Seven, Panda Warrior an Heart of Earth.

Swinnt huet an de leschte Méint eng Rei ähnlech Vereenbarunge getraff, dorënner och ee Partnerschaftsofkommes mat Rootz. Déi zwou nei Firme striewen ee gemeinsame Wuesstem vu béide Marken duerch enk Zesummenaarbecht un.

Eng präisgekréint Plattform

D‘Partnerschaft mat White Hat, der Entreprise mat Setz zu Malta, wäert Swintt den Zougang zu etlechen neie Clienten verschafen. White Hat Gaming ass bekannt fir seng féierend Casinoplattform, déi vu villen Top-Bedreiwer genotzt gëtt.

Duerch hir präisgekréinte Plattform bitt White Hat Gaming senge Clienten Zougang zu méi wéi 1.000 Casino Spiller, dorënner Spëtzeprodukter wéi d‘Kambi Sportswett Titelen.

Zu de sécheren a flexibelen Glécksspill Produkter gehéiere White-Label-Léisungen, Hosting-Plattformen, Design-Servicer, an eng Rei zousätzlech Optiounen wei CRM-Integratioun, Lizenzéierung, Content-Management, digital Portmonnien, Bedruchserkennung, Back-Office-Déngschter a Spillkonto-Management. Dës Servicer ginn de Clients-Bedreiwer op modulär Weis ugebueden, fir hinne Flexibilitéit beim Wuesstem vun hirer Mark ze bidden. Dëst erméiglecht neien Entreprisen ee käschtegënschtege Wee fir an de Glécksspill-Secteur anzesteigen a gläichzäiteg vun der jorelaanger Erfarung vu White Hat Gaming an der Branche ze profitéieren. 

D‘Mark White Hat Gaming beschäftegt momentan iwwer 300 Mataarbechter, déi a fënnef Büroen a Chicago, Cape Town, London, Gibraltar a Malta täteg sinn. Zu de Cliente vun der Mark gehéieren bekannt Bedreiwer wéi playzee, Casimba, Dream Vegas, Gate777, Hello Casino, Spinland, Twenty One Casino, Miami Dice an The Grand Ivy Casino. Déi nei Vereenbarung mat Swinnt wäert d‘Offer vu Casino Spiller erweideren an hir Reechwäit sécher nach vergréisseren.

Andrej Müller
August 2020