Yggdrasil start Département fir Online-Casino Verëffentlechungen

Yggdrasil Publishing um Wee
Den Entwéckler Yggdrasil huet eng nei, onerwaard Strategie opgedeckt, duerch déi e sech déi nächst zéng Joer wëll ofsécheren: en eegent Online-Casino Verëffentlechungsdépartement. Dat soll Yggdrasil Publishing genannt ginn a soll unerkannte Firmen e grousse Choix vun digitalen Tools ubidden.

Mat deenen neien Tools kann all Firma schnell an einfach an d’iGaming-Industrie eran an et gëtt sech ëm all d’Elementer vun den neie Servicer gekëmmert. Schlëssel-Inhalter vu Yggdrasil, ënner anerem déi firmen-intern Game Adaption Tools an d’Interface-Software, mat där ee Casino-Spiller fundamental verännere kann, wäerten ugebuede ginn.

Yggdrasil mécht also seng eegen Datebank fir Software an Inhalter op an hofft, dass nei Firmen en eegenen Studio opmaache wäerten, fir Online-Casino Spiller ze entwéckelen.

Strategie fir schnelle Wuesstem

Dës nei Aart vu Verëffentlechungen am Online-Casino  ass natierlech eng gutt Nouvelle fir déi gesamt Industrie. Ganz esou altruistesch ass dat Ganzt awer net. E Spriecher vu Yggdrasil huet en Abléck an déi nei Divisioun ginn, deen eis an déi nei Gesamtstrategie blécke léisst.

Duerch dësen neie Service gëtt gehofft, dass d’Firma sech op der ganzer WeIt an an onvirstellbaren Dimensiounen ausbreed a vergréissert. Doduerch, dass all Studio seng eege Weeër an Erfolleger ausschaffe géif a gläichzäiteg awer weiderhin un den Entwéckler gebonne wier, géif effektiv zimmlech schnell e globals Expansiounsnetz entstoen.

3 Haaptprinzipen

De Kärsystem, ënnert deem Yggdrasil Publishing schaffe sollt, gouf och iwweraarbecht. De Kär soll op 3 Haaptsecteuren opgedeelt ginn: YG Game IP, YG Masters a YG Franchise. Ënnert der YG Game IP sollen d’Inhalter vum Studio fir Drëttpersounen zougänglech gemaach ginn. YG Masters këmmert sech ëm d’Kreatiounen vun Online Casino-Spiller vun Drëttparteien an d’Lizensen vun deenen Entwéckler. YG-Franchise wäert d'Lizenséierung vu Vertriebsplattformen ëmfaassen.

Dat kléngt alles super praktesch an impressionant. Wéi et schéngt ass Yggdrasil Publishing awer bis elo nach ëmmer just e Konzept. Eng grouss Unzuel vun interesséierte Firmen, déi en eegenen Online Casino lancéiere wëllen, halen hir Aen awer scho grouss op!

Weider Informatiounen wéi och Tools fir Interessenten wäerten bei der nächster ICE London Show vum 4. Bis 6. Februar gewise ginn. De Showcase vu Yggdrasil Publishing wäert beim Stand N3-140 stoen.

Andrej Müller
Januar 2020