Online-Casino Rezension vu Casino Planet

Verschidde Casino-Notzer zu Lëtzebuerg appreciéieren immense de Glitzer a Glamour vun usprochsvolle Spill-Locations, wärend anerer éischter op déi schrill Neonfaarwen aus Las Vegas stinn. Déi fir den handy optimiséiert Versioun vum Casino Planet fällt hei definitiv éischter an déi zweet Kategorie. An eiser Online-Casino Rezensioun  erkläre mir Iech, wisou de Casino e gudde Choix fir all d’Notzer ass. De Casino gouf 2020 gegrënnt an dréit eng Lizenz vun der Malta Gaming Authority a vun der UK Gambling Commission.

Déi bescht Software

Eng Rei vu Software-Ubidder fir Online-Casinoen zu Lëtzebuerg erméiglechen et, beléifte Slots a Spiller unzebidden, déi u Spaass an Action aum ze iwwertreffe sinn. Zu den Ubidder, déi Inhalter mat Casino-Planet deelen, zielen Play’n GO, NetEnt, Microgaming, Evolution, Skywind Group, Quickspin, iSoftBet, Big Time Gaming, Red Tiger Gaming, Push Gaming, Yggdrasil Gaming, Pragmatic Play a Gamomat.

An eiser Online-Casino Rezensioun wëlle mir virun allem ervirhiewen, dass sämtlech Spiller en onofhängeschen RNG-Zoufallsgenerator benotzt, dee reegelméisseg vun onofhängege Sourcen iwwerpréift a kontrolléiert gëtt. D’Equipement, wat an de Live-Dealer Spiller benotzt gëtt, ass ausserdeem vun hächster Qualitéit. D’Grafik vum Spill an de Spillfloss suerge bei all Spillronn fir en immersive Spillspaass.

Eis 5 Lieblingsslots am Casino

Eng interessant Sammlung u Spiller

Am  Casino Planet kann een un de Rollen dréinen, am Blackjack gewannen wann een un déi faméis 21 rukënnt, an den ënnerscheedlechste Variatiounen op Rouletteresultater wetten an an d’Welten vun ikonesche Spiller antauchen. An der Spillsammlung sinn ënnerscheedlech Kategorie vertrueden: Klassiker, Jackpots, Video-Slots, Dëschspiller, Kaartespiller a Spezialitéitespiller. Niewent de Spiller, déi mer schonn ugeschwat hunn, fënnt een hei och Baccarat, Poker a Casino Barbut.

D’Live-Dealer Spiller gehéieren un dëser Plaz an eiser Online-Casino Rezensioun allerdéngs nach eng Kéier geluef: D’Spiller goufe mat grousser Virsicht ausgewielt a bidden a gudde Mix vu Spillstiler un, wou fir all Notzer eppes dobäi ass. Hei fannt Dir Dësch- a Kaartespiller wéi Roulette, Baccarat, Blackjack a Poker, an awer och Spezialspiller wéi de Live Dream Catcher a Monopoly Live.

Spill elo

Spillen, wou a wéini et Iech duerno ass

Eng vun de beschte Saachen un dësem Lëtzebuerger Online-Casino ass, dass et d’Spillen op eng praktesch Aart a Weis ubitt. D’Software ass nämlech kompatibel mat Android, iOS an anere mobillen Apparater. Doduerch hutt Dir d’Méiglechkeet ze wielen, wéi a wou Dir un Är Lieblingsspiller komme wëllt. Zousätzlech dozou gouf och bei der Konzeptioun vun der Homepage vu Casino Planet a betruecht gezunn, dass Notzer se vun engem Handy oder Tablet aus kéinten besichen. D’Homepage gouf deementspriechend opgebaut an ass einfach ze navigéieren.

Vertrauenswierdege Banking

Wann dir Äre Kont bei Casino Planet registréiert, musst Dir eng Rei persounebezunn Informatiounen uginn, ofhängeg vun der Bezuelmethod, déi Dir auswielt, oder wann Dir en Acompte wëllt abezuelen. Dir kënnt dat allerdéngs rengen Gewëssens maachen, well de Site mat den neisten SSL-Technologien verschlësselt ass. Genee sou wéi an deenen aneren Online-Casino Rezensiounen hu mir och hei eng Lëscht fir Iech zesummegestallt, mat den Bezuelubidder déi zur Verfügung stinn:

Acompte gi fir gewéinlech direkt beaarbecht. Wann dir mat enger Web Wallet Sue wëllt ophiewen, dann dauert dat fir gewéinlech eng Stonn. Wann Dir mat enger Kaart Sue wëllt ophiewen, dann dauert d’Beaarbechtung tëscht 1 a 5 Deeg. Bei engem Bankvirement sinn et 3 bis 5 Deeg.

De Service-Client kontaktéieren

Mir géife Casino Planet net zu de beschte Lëtzebuerger Online-Casinoen zielen, wann en net e vertrauenswierdegen a kompetente Service-Client hätt. Engersäits hutt der eng FAQ-Säit, déi immens ausféierlech alles erkläert. Anerersäits kënnt Dir bei Froen oder Problemer och déi kompetent Aarbechter vum Service-Client iwwer Live-Chat oder E-Mail kontaktéieren.

Generéis Wëllkommensbonusser

Casino Planet bitt e Wëllkommenspak vun 1500€ an 200 gratis Ëmdréiunge fir bestëmmte Slots un. An dësem Pak ass en 100% Match bis zu 300€ fir den éischten Acompte abegraff, e 50% Match bis zu 400€ fir den zweeten Acompte an e 25% Match bis zu 400€ fir den drëtten Acompte. Nieft dem Wëllkommensbonus bitt de Casino reegelméisseg aner Promoen un, wéi z.B. Loyalitéitspunkten an de VIP-Club.

Daumen erop fir Casino Planet

Casino Planet ass net de gréisste Casino, dee je an eisen Online-Casino Rezensioun opgelëscht gouf, mee en huet alles dat ze bidden, wourop et ukënnt. De Site léisst näischt ze wënschen iwwreg wat d’Spiller ugeet an huet den Notzer zu Lëtzebuerg sou munches ze bidden.

Spill elo

Copyright © 2021 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie