Firwat Tonybet-Casino?

Et gi vill Grënn bei Tonybet ze spillen: Eng gutt konzipéiert, funktionell Internetsäit, déi och iwwer Smartphone einfach ze navigéieren ass, iwwerduerchschnëttlech Quoten a relativ héich Wettasätz, eng grouss Gamm un etabléierten, mee virun allem och un aussergewéinleche Sportaarten, Ligen a Länner an net zulescht eng gutt Auswiel un Casinospiller, Live an Online.

Bonussen a Promotiounen

Tonybet offréiert e grousszigege Wëllkommensbonus fir nei Spiller vu bis zu 100 % op Ärem éischte Versement, wann Dir d’Konditiounen erfëllt. De Bonus kënnt Dir op ënnerschiddleche Mäert notzen, esou datt Dir d’Funktioune vum Online Casino Luxembourg a vun der eSport-Offer grëndlech kënnt ausprobéieren.

Et ginn awer och Bonussen a Promotioune fir reegelméisseg Spiller. Dës fannt Dir op hirer Promotiounssäit.

Spill elo

Sports Betting an Online-Casino

Tonybet Sports Betting huet eng grouss Auswiel u Sportswetten, besonnesch fir Fussball-Enthusiasten, awer och vu méi rare Sportaarten, wéi Tennis, Golf, Wantersport, Volleyball, Kampfsport, a méi. Dir fannt 20 verschidde Sportskategorien mat ënnerschiddleche Ligaen uechter d’Welt. D’Quote si mat déi konkurrenzfäegst um Mart. Si leien am selwechte Beräich ewéi bei renomméierte Bookmakeren an, ofhängeg vum Sportsevent, kënnen och relativ héich Asätz gespillt ginn. Live-Wette mat Orientéierungsstatistiken ginn och ugebueden, mee leider kee Live Streaming.

Tonybet Casino huet vill Slot-Games a verschidde Wettmäert fir all Goût: Et gëtt eng grouss Gamm u Casinospiller vun de beschte Spilldesigneren an der Branche. Hire Live-Dealer-Beräich ass beandrockend a vermëttelt engem en echte Casino-Feeling, mat Optioune wéi Live Chat a Multiplay. All Niveau vu Spiller ass wëllkomm. D’Dealere si professionell a frëndlech.

Support

Wann hiren detailléierte FAQ net duer goe sollt, hutt Dir d’Méiglechkeet 24 Stonnen den Dag, 7 Deeg d’Woch Ënnerstëtzung iwwer Live Chat ze kréien. Ënnerstëtzung iwwer E-Mail gëtt och ugebueden. De Clientsservice vun Tonybet ass frëndlech, effikass an hëllefsbereet a si huelen sech Zäit. Zousätzlech dozou gëtt et um Site e Link, wou Dir si direkt ze kënnt kontaktéieren, fir Ufroen, Kommentarer oder Virschléi ze maachen.

Abezuelen

De Minimalbetrag, dee muss abezuelt ginn, läit bei £10. Et kann een esouwuel iwwer Banktransfert, ewéi och iwwer eWallet, (PayPal, Netteller a Skrill) abezuelen. Hei kënnt d’Iwwerweisung direkt un a kascht näischt an Dir kënnt direkt ufänke mat spillen. Bei engem Banktransfert dauert et e puer Deeg. Aner Bezuelmethoden, wéi Visa a Mastercard ginn och akzeptéiert.

Suen ophiewen

Sue kënnen opgehuewe ginn, onofhängeg dervun, wéi se abezuelt goufen. Et dauert 48 Stonnen. Fir d’Ophiewe vun engem Bonus mussen e puer Konditiounen agehale ginn. Informéiert Iech onbedéngt virdrun. Wéi laang et dauert, bis datt d’Sue beim Empfänger ukommen, hänkt vun der Iwwerweisungsmethod a vum Serviceubidder of. De minimale Betrag, deen ausbezuelt gëtt, ass $1 an de maximale Betrag läit bei £200.000.

Conclusioun

Tonybet ass e fantastesche Site fir Sportswetten, mat enger Rëtsch vu ganz aussergewéinleche Sportaarten, weltwäit, iwwer ënnerschiddlech Ligae verdeelt, awer och fir Casinospiller, wou ee sech dank Live Casino a Slot Games net langweilt, och wa si kee Live Streaming a keng interaktiv Casinospiller ubidden. Hiren Internetsite ass benotzerfrëndlech a funktionell. A mat hire kompetitive Quoten, sinn och héich Gewënner méiglech.

Brauch ech verschidde Konte bei Tonybet?

Nee, wann Dir e Kont hutt, kënnt Dir domat esouwuel Sportswetten ofschléissen, ewéi och Casino- a Pokerspiller spillen oder aner Servicer an Usproch huelen.

Wéi eng Konditioune ginn et, fir de Wëllkommensbonus ze kréien?

Fir e Bonus ze kréien, gëllen ëmmer speziell Konditiounen. Bei de Sportswette musst Dir dofir ënner anerem op d’mannst £10 iwwerweisen a Wetten am 10-fache Wäert vum Versement zu Quote vun 1,65 oder méi placéieren. Liest Iech am beschte virdrun d’Konditioune genee duerch.

Ginn et Wettlimitten? 

D’Wettlimitte bei de Casinospiller rangéieren tëschent 1p – €150 bei Slot Games an 20p – €200 bei Dëschspiller. Bei de Sportswette variéieren se a Funktioun vum Evenement.

Spill elo

Copyright © 2024 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie