Atlantean Treasures: Mega Moolah Rezensioun

Bei där Mass vu ënnerschiddlechen Online-Slots tëschent deenen een zu Lëtzebuerg wiele kann, hunn d’Spiller wierklech “d’Qual der Wahl”. Et ginn net nëmmen déi almoudesch 3-Walze-Slots, mat hiren nostalgesche Biller an Téin, et ginn och 5-Walze-Video-Slots, vun deenen der vill immens unterhaltsam Bonusfunktiounen hunn. Progressiv Jackpot-Slots hunn hirersäits d’Potenzial, Gewënner auszeschëdden, déi engem säi Liewe wierklech veränneren. D’Mega Moolah-Serie ass bei wäitem déi bekanntste vun deem Genre, an Atlantean Treasures ass déi rezentenst Ergänzung zu dëser schonn immens beléifter Serie. D’Spill, dat ënner Waasser stattfënnt, setzt Bild- an Tounmaterial ronderëm d’Thema Waasser an, a bidd dat selwecht gewaltegt Payout-Potenzial wéi aner Spiller aus der Mega Moolah-Serie. An dëser Rezensioun kucke mir eis verschidde Funktiounen a Mechanismen un, op déi Dir Iech freeë kënnt, wann Dir Iech an dëst wonnerbart Spill lancéiert.

Atlantean Treasures Mega Moolah
Atlantean Treasures Mega Moolah Screenshot
Atlantean Treasures Mega Moolah Screenshot2
Atlantean Treasures Mega Moolah Screenshot3

Symboler an Features

Atlantesch Schätz: Mega Moolah ass e progressiven Online-Slot mat 3x5-Walzen, an dat bedeit, datt fir all Asaz, deen e Spiller am Spill placéiert, e Brochdeel vun deem Asaz an den Haaptpräispool fléisst. Wéi Dir Iech virstelle kënnt, wiisst d’Héicht vum Jackpot esou laang, bis ee gléckleche Gewënner dee grousse Präis akasséiere kann. Änlech wéi bei anere Spiller aus dëser Serie gëtt et véier potenziell Jackpotten: Mini, Minor, Major a Mega. D’Spill fënnt ënner Waasser statt a weist am Hannergrond d’Ruine vun Atlantis an am Vierdergrond eng gëlle Muschel, déi mat Schätz gefëllt ass. Zu de Symboler gehéieren e Séistär, eng Anemon, e Séipäerdchen, zwee verschidde Fësch, eng 7, eng Barre, eng Mierjongfra (e Wild-Symbol, dat sech ausdeene kann) an eng gëlle Pärel. Dës Pärel ass de Schlëssel fir d’Jackpot-Rad auszeléisen an et ass net e bestëmmte Betrag, mä d’Héicht vun Ärem Asaz, déi bestëmmt, wéi vill der néideg sinn, fir d’Rad auszeléisen. Wann Dir d’Chance kritt, um Rad dréien ze dierfen, dann hutt Dir och d’Chance, ee vun den uewe genannten Jackpotten ze gewannen, woubäi de Mega bei engem Minimum vun 1 Millioun ufänkt! Awer och wann Dir net hannert engem onvirstellbaren Jackpot hier sidd, d’Spill ass esou onkomplizéiert an liicht ze bedéngen, dass jiddweree Spaass dorunner huet.

Wou spillt een Atlantean Treasures: Mega Moolah

Mat engem Asazberäich tëschent 0,10 an 200 Kreditter ass Atlantean Treasures déi Zort vu Spill, déi eng immens grouss Zuel u Fans vun Online-Spiller zu Lëtzebuerg usprécht. Dobäi kënnt, datt déi 10 Paylines vum Spill a béid Richtungen ausbezuelen an domat hutt Dir e Spill, dat net nëmmen einfach ze spillen ass, mä potenziell och nach ganz grouss Gewënner ausbezuele kann. Wann Dir et ausprobéiere wëllt, da rode mir Iech, dat am Ruby Fortune Casino ze maachen. Hei kréien nei Memberen e generéise Wëllkomm-Bonus, nieft villen anere Promotiounen, déi nokommen. Wann Dir bis dra sidd, dann fannt Dir hei verschidde vun de beschten Online-Slots zu Lëtzebuerg, dozou zielt Atlantean Treasures, mä och aner Titele vu Mega Moolah, wéi d’Original a Mega Moolah: Isis. Wann Dir et net scho gemaach hutt, firwat net einfach erakucken an se ausprobéieren!

Bestëmmt elo

 

Copyright © 2020 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie