SANTA VS RUDOLF™ ONLINE SLOT REZENSIOUN

Dir sidd beflass Iech de Festlechkeete vun der Saison unzeschléissen? Dann ass NetEnt seng lëschteg Kreatioun Santa vs Rudolf™ genee dat richtegt Spill fir Iech! Et ass faarweg, schrulleg, a voll mat humoristeschen (a belounende) Momenter – a Kombinatioun mat Saachen, déi Dir net op de Reels vun de meeschten online Slots zu Lëtzebuerg fanne kënnt.

D‘5-Reel, 3-Reie Spill bitt net nëmmen 20 fixéiert Paylines, mee och béidsäiteg Gewënner. Dobäi kommen nach déi spill-erhéijend Wild Cards, Walking Wilds, gratis Ëmdréiungen, an zwou Bonus-Features, zesumme mat Gewënner vu bis zu 1000x Ärem Wett-Betrag an de Mix, an Dir hutt Ausbezuelungs-Geschenker fir op de Reels auszepaken en Masse.

Santa VS Rudolf Screenshot 1
Santa VS Rudolf Screenshot 2
Santa VS Rudolf Screenshot 3
Santa VS Rudolf Screenshot 4

ENG ANER MANÉIER ZE SPILLEN

Wat Santa vs Rudolf™ eng eenzegaarteg Spill-Experienz mécht ass seng béidsäiteg Bezuel-Struktur. Obwuel et wéi een traditionelle 5-Reel, 3-Reie Slot ausgesäit, belount d‘Spill seng Spiller mat Ausbezuelungen dofir, Symbol-Kombinatiounen ze gewannen, déi vu lenks no riets a vu riets no lenks ugeluecht sinn. Esou hutt Dir eng duebel Chance ze gewannen an ze profitéieren. Vergiesst och net, datt dem Slot seng 20 Paylines fixéiert sinn, an d‘Wett-Beträg vun €0.20 bis zu €100.00 rangéiere kënnen, wat also heescht, datt de klengste Wett-Asaz den Equivalent vun €0.01 pro Line, an dee gréisste Wett-Asaz €0.50 pro Line wäert ass.

FESTLECHT MOTIV A SYMBOLER

NetEnt huet d‘Spill ronderëm zwee ganz vertraute Personnage geschaaft, an zwar de Kleeschen an de Rudolf, säin duerchdriwwent Rendéier. Sengem Charakter getrei decidéiert de Rudolf dem granzege Kleeschen säin Hutt ze verstoppen, an dat just éier hie soll duerch d‘Welt reese, fir Kaddoen ze verdeelen. D‘Thematik, déi wahrscheinlech d‘online Slots-Spiller zu Lëtzebuerg beschtens ënnerhält, weist déi zwee wéi se a lëschtegen Zeenarien um Nordpol unenee geroden, an dat andeems d‘Spiller ënnerwee vu Beloununge profitéiere kënnen.

D‘Symboler verstäerken déi festlech Thematik, a se begräifen rout-wäiss gesträiften 10, J, Q, K an A Kaarte-Wäerter mat an, souwéi dem Kleesche säi mat Spillsaache gefëllte Sak, dem Rudolf säi Klacken-Halsband, ee Rendéier-Schnéi-Globus, dem Kleeschen seng Lëscht an och säi Schlitt. Eng Santa Wild an eng Rendéier Wild, déi aner Symboler ersetzen, si mat am Spill.

BELOUNEND BONUS FEATURES

Niewent hirer Fäegkeet, aner Karten ze ersetzen, sinn déi zwou Wild Cards och de Schlëssel zu gratis Ëmdréiungen. Wann déi zwou an der selwechter Rei sinn, an zwar mam Santa Wild um 5ten a Rudolf um éischte Reel, da beweegen se sech no all Ëmdréiung no bannen, bis se kollidéieren. Wann dat geschitt, ginn 10 gratis Ëmdréiunge fräigesat, wat erëm op en neits kann ausgeléist ginn. Wärend de gratis Ëmdréiungen erschéngen zwee Meter uewen um Bildschierm – ee fir d‘Santa‘s Gifts, an ee fir d‘Rudolf Spins. All Kéier, wou eng Santa Wild oder Rudolf Wild optaucht, fënnt se eng deementspriechend Plaz am Meter. Ee volle Meter léist déi entspriechend Bonus-Feature aus.

Mat der Santa’s Gifts Kaart kënnt Dir tëschent dräi Sätz vu jeeweils fënnef Objeten wielen: Kaddoen, Chrëschtbam-Dekoratioun a Chrëschtdags-Strëmp. Dräi Objeten enthale Mënz, een enthält ee Multiplikator, an ee setzt der Ronn een Enn. Den anere Bonus gëtt Iech 3 Rudolf Ëmdréiungen, wärend deenen 5 Rudolf Wilds pro Ëmdréiung opdauche wäerten fir Ärem Spill een Opdriff ze ginn. Mat esou ville Bonus Kaddoen ass Santa vs Rudolf™ sécherlech ee festlechen online Slots Favorit zu Lëtzebuerg dëst Joer. An Dir kënnt Iech de Festlechkeete vun der Saison an engem vun eise recommandéierte NetEnt Casinoen uschléissen.

Bestëmmt elo

Copyright © 2020 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie