Saxon Online-Slot zu Lëtzebuerg

D’Spill ass un der Heavy Metal Band, déi och den nämmlechten Numm dréit, inspiréiert. Et baséiert op 5 Rollen an 10 Spilllinnen. Den Online-Slot gouf vum renomméierte Softwareubidde, Play’n GO entwéckelt. Dëse Spillentwéckler huet eng ganz Rei beléiften Online-Slots zu Lëtzebuerg erausbruecht an zielt ënnert den neien an och den erfarenen Notzer zu de Favoritten. Saxon ass e 3x5-Rolle Video-Slot, deen d’Spiller nees zréck an déi gloriéis 70er Joren zeréckversetzt. Dobäi ass d’Grafik awer héischmodern, de Sound kloer a propper an d’Mechanik notzerfrëndlech. D’Spill ass fir de PC, Laptop, Handy an Tablet disponibel an ënnerstëtzt Windows-, Apple- an Android-Apparater. D’Spill gëtt ausserdeem op ville Sproochen ugebueden, ënner anerem och op Lëtzebuergesch, Spuenesch, Finnesch an Englech. Dir kënnt et am DrueckGleuck ausprobéieren, engem Online-Casino, wat virun allem op séchere Gaming setzt an eng Rei Tools ubidd, déi responsabelt Spillen ënnerstëtzen. Kucke mer eis d’Spill méi genee un.

Head-Bobbing Entertainment

De Saxon Online-Slot kann all Budget accomodéieren, an zwar dank sengem flexibele Wettasaz, dee scho bei 0,10 Credits pro Ëmdréiung ufänkt. De Wettplafon läit bei 100 Credits pro Ëmdréiung. Eng Autoplay-Funktioun ass och disponibel. Spiller kënne bis zu 100 automatesch Ëmdréiungen ariichten. Zu de Symboler déi optauchen zielt en Adlerwappen, d’Spilllogo an eng Liedersjacket. D’Liedersjacket bréngt mat 30x de Wettasaz de meeschte Gewënn, wann een eng 5-stelleg Symbolkombinatioun erauskritt. En Neon-Schwäert stellt d’Wild-Symbol duer a kann all Icon duerch e gewënnbréngend Symbol an der Kombinatioun ersetzen. Ausserdeem bréngen 3, 4 a 5 Wild jeeweils 2,5x , 10x a 50x de Wettasaz. Et ass also dat wäertvollst Symbol.

Opreegend Bonus-Features

Dësen Online-Slot bréngt de Spiller zwee interessant Bonus-Features. Den éischten ass de Win Multiplier. Hei kënnen d’Symboler sech op engem Koup op de Rolle presentéieren. Wann e ganze Koup dovunner sech op enger Roll befënnt, erhéischt de Win Multiplier sech ëm ee Punkt. Dat ass net op eng Roll begrenzt. Déi fënnef Rollen kënnen also och gläichzäiteg e Win Multiplier ausléisen, wouduerch deen fir all Roll ëm een Punkt multiplizéiert gëtt. Kritt een dann nach e Wild-Symbol, da gëtt de Win Multiplier op där Roll, wou de Wild optaucht, nach eng Kéier ëm zwee erhéischt. De Win Multiplier setzt sech no all Ëmdréiung zréck.

Da gëtt et och de Free Spin Bonus. Dat sinn also gratis Ëmdréiungen. Wann d’Sänger- oder d’Motosfuerer-Symbol optauchen, gëtt d’Funktioun vun de gratis Ëmdréiungen ausgeléist. Spiller kënnen hei vu 5 bis 15 gratis Ëmdréiunge profitéieren. Wann de Win Multiplier an der Basis-Spillzäit aktivéiert gouf, da gëtt en och an d’gratis Ëmdréiunge mat riwwergeholl, wou e bis zum Schluss vum Bonusspill och dobäi ass. All Scatter, deen zousätzlech Land, kann nach eng Kéier 5 bis 15 gratis Ëmdréiungen ausléisen.

Ab an den DrueckGleuck

Wann Dir e Fan vun Heavy Metal sidd, oder esouguer vun der britescher Band Saxon, dann ass dësen Online-Slot wuel déi richteg Kombinatioun zu béide Welten fir Iech. D’Spill ass am DrueckGleuck disponibel, dem féierenden Online-Casino zu Lëtzebuerg, deen ënner anerem fir sech Sécherheet a Bonusfunktioune bekannt ass.

Spill elo

Copyright © 2024 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie