Spillmarché soll bis 2024 bal 100 Mrd US$ erreechen

Spillen a Wetten gi méi beléift
Nei Ennersuuchungen vum Zion Market Research gesinn viraus, dass den internationalen Wett- a Spillmarché e jährleche Wuesstem tëscht 2018 an 2024 ganzer 10,9% opweise waert an domadder bis 2024 iwwer 94,4 Milliarden USD komme soll. Bei dëser Analyse goufen all méiglech ënnerscheedlech Spillformen includéiert: Bingo, Casinoen, Poker, Sportwetten, Lottospiller, Rennpaerdwetten an nach méi gouf hisiichtlech den aktuellen a virgesinnen Entwécklungstrends ennersicht.

Déi 3 Komponenter vum internationale Marché

Den internationale Marché kann an 3 verschidden Komponenter agedeelt ginn: Hardware, Software a Service an de virgesinne Wuesstem an der Industrie gesäit vir, dass d'Software-Element den Online-Spillmarché tëscht 2018 an 2024 dominéiere waert. Déi ennerscheedlech Marchéen ginn dann nach weider opgedeelt hisichtlech de Spiller an de Poker-Segment soll an der kommender Period virunallem u Beléiftheet gewannen.

Den dreiwenden Motor hannert dem Wuesstem vun der Industrie

A; ganzen soll et 4 Faktore ginn, déi en Afloss op d'Ausweidung vun der Online-Spillindustrie sollen hunn.

Den éischten sinn technologesch Entwécklungen mat Virtual Reality headsets, déi u Beléiftheet nach gewanne waerten an denen nächsten 5 Joer an doduerch eng nach besser Erfahrung bidde kënnen. Den zweete Faktor sinn nei Regulatiounen, déi agefouert waerte ginn, wouduerch nach méi Länner Online-Spiller erlaabe waerten. An Europa waert et hei virunallem vill Entwécklunge ginn, well Länner, an denen Online-Wetten bis elo illegal waren, dëss legaliséiere wëllen. Dobäi handelt et sech zum Beispill ëm Länner ewéi d'Nidderlanden an Däitschland. Méi Staten an den USA weisen och Interessi dorun, dëss Aktivitéiten ze legaliséieren. Den drëtte Faktor ass dat zouhuelend Benotzen vu Smartphones an Tablets. Obwuel et esou riwwerkomme kéint, wéiwa scho jiddereen e Smartphone hätt, esou soll d'Benotyen vun dësem an denen nächste 5 Joer nach emol an d'Luucht goen. Doduerch ginn Online Spiller a Wetten méi accessibel fir jiddereen. De leschte Faktor ass d'Zouhuelen vu Kryptowährung, wouduerch de ganze Sektor méi sécher a méi praktech gëtt an doduerch u Popularitéit gewanne kann.

Déi bedeitend global Expansioun vun Online-Wetten a Spiller waert e positiven Afloss op déi ganz Industrie hunn an natierlech op all déi, déi Spaass um Spill fannen. Obwuel vill Faktoren beim Wuesstem eng Roll spillen, kann eent mat Sécherheet gesot ginn: Et geet an déi richteg Richtung an dat ass Bierg op!

Quellen:
https://www.onlinecasinoreports.com/

Andrej Müller
Januar 2019