Privatsphär

Tried den 3. Juli 2018 an Effekt

Green Cape Media ("mir", "eis" oder "eis/eist/eisen") bedreiwt den Internet-Site www.greencapemedia.com (de "Service").

Dëss Säit informéiert Iech doriwwer, wéi mir persounebezunn Daten sammelen, benotzen a fräiginn, wann Dir eise Service benotzt an doriwwer, wéiee Choix Dir hisichtlech dozou gewielt hutt.

Mir benotzen Är Daten, fir eise Service ze verbesseren. Andeems Dir eise Service benotzt, stëmmt Dir zou, dass mir Är Daten geméiss der virleiender Klausel sammelen a benotze kënnen. Ausser si sinn explizit anescht définéiert, entspriechen d‘Begrëffer, déi an der virleiender Klausel iwwer d’Privatsphär benotzt ginn, inhaltlech de Begrëffer, wéi se an eise Geschäftskonditioune op www.greencapemedia.com ze fanne sinn.

D’Sammelen a Benotze vun Informatiounen

Mir sammele verschidden Aarte vun Informatiounen a fir verschidden Zwecker, mam Endzil, eise Service, dee mir Iech ubidden, ze verbesseren.

Aarte vu gesammelten Daten

Persounebezunn Daten

Bei de Benotzung vun eise Servicer kann et virkommen, dass mir Iech no persounebezunnen Date froen, (“persounebezunn Daten”), fir Iech kontaktéieren oder identifizéieren ze kënnen. Dorënner falen, ënner anerem, déi folgend Informatiounen:

Notzdaten

Mir sammelen och Daten doriwwer, wéi eise Service zougegraff a benotzt gëtt (“Notzdaten”). Dorënner falen Informatiounen wéi d’Internet-Protokolladress vum Computer (dh. d’IP-Adress), Aart vu Browser, Versioun vum Browser, déi besichte Säite vun eisem Service, d’Auerzäit an den Datum vun Ärem Besuch op eisem Site, d’Dauer vum Besuch, eenzegaarteg Identifikatiounsindice vum Apparat an aner Diagnostikdaten.

D’Benotze vun Daten

Green Cape Media benotzt déi gesammelt Daten fir ënnerscheedlech Zwecker:

D’Verschécke vun Daten

Är Informatiounen, dorënner och Är persounebezunn Daten, kënne verschéckt an op Computere gespäichert ginn, déi sech ausserhalb vun Ärem Openthaaltsstad, -provënz, -land oder anerer staatlecher Jurisdictioun, déi ënner en anert Dateschutzgesetz fällt, wéi an Ärer Heemeschtsjurisdictioun.

Nodeems mir eng international Firma sinn, kéint et nouwänneg sinn, aneren Entreprisen aus eisem Grupp oder Entitéiten, déi mir fir bestëmmte Servicer agestallt hu fir mat eis zesummen ze schaffen, Är persounebezunn Daten ze schécken. Dëss Entitéiten kënnen a Länner ausserhalb vun der Europäescher Unioun lokaliséiert sinn. Et ka virkommen, dass d‘Dateschutzgesetz an aner Gesetzer aus dene Länner net esou wäitgräifend an détailléiert sinn wéi déi an der Europäescher Unioun. Wann Dir eis persounebezunn Daten zoukomme loosst, gitt Dir Iech explizit domadder averstan, dass mir Är Informatioune u Serveren ausserhalb vun der Europäescher Unioun verschécken a se do späicheren. An dem Fall verschécken a späichere mir Är Informatiounen.

Green Cape Media hëlt all noutwänneg a sënnvoll Mesuren fir sécher ze stellen, dass Är persounebezunn Daten am Aklang mat eiser Privatsphärklausel traitéiert ginn an dass Är persounebezunn daten net un Organisatiounen oder Länner verschéckt ginn, wa keng adequate Kontroll (z.B. d’Sécherstellen vun äre persounebezunnen Daten) stattfannen.

Fräigi vun Daten

Gesetzlech Conditiounen

Green Cape Media kann Är persounebezunn Daten, no beschtem Wëssen a Gewëssen, fräiginn, wann et als gerechtfertegt gesi gëtt, fir folgend Punkter ze erfëllen:

Dateschutz

De Schutz vun Ären Daten ass eis wichteg. Denkt awer drun, dass keng Versantmethod iwwert den Internet oder elektronesch Späichermethod 100% sécher ass. Mir schaffe konstant drun, kommerziell akzeptéiert Mëttelen zum Schutz vun Äre persounebezunnen Daten ze benotzen, kënne mir keng absolut Sécherheet garantéieren.

Service-Ubidder

Mir kënnen Drëttparteifirmen an Eenzelpersounen astellen, fir eise Service z’erméiglechen (“Service-Ubidder”), eise Service an eisem Numm unzebidden, Servicer, déi mat eisem Service ze dinn hunn unzebidden ode reis dobäi hëllefe sollen, d’Notzung vun eisem Service z’analyséieren.

Dëss Drëttparteien hunn Accès op Är persounebzunn Daten, mam eenzege But, déi uewe genannt Aufgaben an eisem Numm z’erfëllen. Si dierfen Är persounebezunn Daten net fräiginn oder fir aner Zwecker benotzen.

Links zu anere Siten

Eise Service ka Link zu anere Siten enthalen, déi net vun eis bedriwwe ginn. Wann Dir op de Link vun enger vun eisen Drëttparteie klickt, da gitt dir op de Site vun der Drëttpartei weidergeleet. Mir recommendéieren Iech staark, d’Privatsphärastellung vun all Site, deen der besicht, z’ënnersichen.

Mir hu keng Kontroll iwwert den Inhalt, d’Privatsphärklausel oder d’Praktiken vun de Siten a Servicer vun den Drëttparteien a verweisen all Responsabilitéit dofir.

D’Privatsphär vu Kanner

Eise Service riicht sech net u Persounen, déi manner wéi 18 Joer hunn (“Kanner”).

Mir sammelen net bewosst persounebezunn Informatioune vu Persounen, déi manner wéi 18 Joer al sinn. Wann Dir en Elterendeel oder en Tuteur sidd a mierkt, dass Är Kanner eis hir persounebezunn Date kommunizéiert hunn, sidd Dir gebieden, eis ze kontaktéieren. Wa mir mierken, dass mir persounebezunn Informatioune vu Kanner ouni d’Zoustëmmung vun den Eltere gesammelt hunn, leede mir déi néideg Schrëtter an, fir dëss Informatioune vun eise Serveren ze läschen.

Ännerungen zur Privatsphärklausel

Mir kënnen eis Privatsphärklausel vun Zäit zu Zäit aktualiséieren. Mir informéieren Iech iwwer all Ännerung, andeems mir déi nei Privatsphärklausel op dësem Site verëffentlechen.

Mir informéieren Iech iwwer E-Mail an/oder enger siichtbarer Notiz op eisem Site, ier d’Ännerungen a Kraaft trieden a ginn och an der Iwwerschrët vun der Privatsphärklausel un, wéini d’Ännerungen a Kraaft trieden.

Dir sidd gebieden, d’Privatsphärklausel reegelméisseg op Ännerungen z’iwwerpréifen. D’Ännerungen un der Privatsphärklausel trieden a Kraaft, wa se op dëser Säit verëffentlecht ginn.

Kontaktéiert eis

Wann Dir Froen iwwert eis Privatsphärsklausel hutt, da kontaktéiert eis einfach:

Adress vun der Entreprise

La Corvee House

La Corvee

Alderney

Channel Islands

GY9 3TQ

Copyright © 2024 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie