>   Rezensioun Software Ubidder

Bleiwt informéiert mat Rézensiounen iwwer d'Software-Ubidder

Vill Spiller zu Lëtzebuerg verstinn wéi wichteg eng gutt Software fir e gudden Online-Casino ass. Mee vill Leit wëssen net, wou oder wéi een déi gutt a vertrauenswürdeg Marken fanne kann. An hei kënnt Online-Casinos.lu an d'Spill.

Eis Rézensiounen iwwer d'Software-Ubidder wéi Microgaming, Playtech a villen aneren ginn Iech all d'Informatiounen, déi Dir iwwer Slots, Roulette, Baccarat, Blackjack an aner Spiller braucht, fir en héisch-qualitativt Spill ze spillen, dat Ären Usprësch genugt. Dir kënnt erausfannen, wat fir Casinoen fir wéieng Spiller bekannt sinn a wat een sech dofir erwaarde kann. Dir kënnt Informatiounen doriwwer fannen, wéi laang en Ubidder schonn um Marché ass. A mir informéieren Iech och doriwwer, wéieng Siten vu wéiengen Ubidder gefouert ginn, wéieng Approchen déi verschidden Ubidder hunn, wat een sech erwaarde kann an och doriwwer, wat d'Zukunft bréngt.

Mir liwweren Iech déi Informatiounen, déi Dir braucht, fir eng gudd Décisioun ze treffen an doduerch e gutt Spill kënnen ze genéissen.

d'Wichtegkeet vun enger héisch-qualitativer Software

Verschidde Spiller mengen, dass déi digital Hannergrondgeschicht vun de Spiller net esou wichteg ass a kee groussen Ënnerscheed mécht. Dat stëmmt allerdéngs net ganz. Et suergt nämlech net just dofir, dass e Spill gutt ausgesäit a sech gutt unhéiert, mee och, dass et fléissend oofleeft, einfach mat der Interface-Uewerfläch ze navigéieren ass, mat ville verschiddenen Platformen kompatibel ass, wéi zum Beispill mam Computer, Smartphone an Tablet an et huet och en Afloss op d'Fairness vum Resultat. Dat alles schéngt eis dann awer zimmlech wichteg!

D'Rézensiounen vun de Software-Ubidder, déi eis Expertenequipe schreiwt, esou wéi eis Recommendatiounen vun neien Verëffentlechungen a Siten vun dëse Marken, huelen alles dat a Betruecht. Wann Dir op eise Rot lauschtert, da kënnt Dir Iech sécher sinn, dass Dir ëmmer déi bescht Grafik, déi bescht Animatiounen a Special-Effects, realistesch Aktiounen, eng angenehm Spillerfahrung a Funktionalitéit a virunallem, fair Resultater wäert hunn.

Iwwerpréift fair Resultater

Villäicht frot Dir Iech, wéi NetEnt, IGT an aner Top-Ubidder op hir Zoufallsresultater kommen. Se benotzen Computer-Programmer, déi een Zoufallsgenerator oder Zoufallszuelengenerator nennt. En Algoritmus wielt eng zoufälleg Reienfolleg un Zuelen, déi an déi relevant Resultater vum Spill konvertéiert ginn, wann een zum Beispill Kaarten-, Rad- oder Dréispiller spillt.

D'RNGs, sou wéi een se an der Branche nennt, ginn eenzel an onoofhängesch vuneneen iwwerpréift. Dat ass den üblechen Prozess vun nline-Casino Regulatiounsinstitutiounen ewéi dem Malta Gaming Authority an der UK Gambling Commission.

Wat déi Top-Ubidder offréieren

D'Rézensioune vun den Software-Ubidder bei Online-Casinos.lu weisen Iech Entreprisen, déi méi maache wéi just Titelen lancéieren, déi den absolute Minimum ubidden. Déi Titelen vun de beschte Marken bréngen d'Spill-Vergnügen hei zu Lëtzebuerg op e ganz neie Level.

Microgaming ass zum Beispill schonn zënter 1994 aktiv a war deemols e Prionéier am Lancement vun online Casino-Spiller. Zënter deems huet et awer staark dru geschafft, de Spiller duerch speziellen Optiounen de Spillspaass méi no ze bréngen. Oofgesi vun den Wild Symbols mat speziellen Funktiounen, bidden aner Slots honnerte vu verschiddene Méigechkeeten ze gewannen.

Dir kënnt och lizenséiert Titele fannen, déi Iech zum Beispill erlaben, Är Liiblingspersonnagen aus Filmer oder Serien kennenzeléieren, Poker-Spiller mat Blackjack-Style Niewewetten ze spillen, Roulette-Dëscher mat progressiven Jackpots a Video-Poker mat Bonus-Ausbezuelungen. Mir hu souguer Spiller mat Multi-Player Funktioun, esou dass Dir Är Fähegkeeten géint aner Spiller teste kënnt oder dass dir méi ewéi just eng Hand pro Spill spille kënnt.

Live-Dealer Software-Ubidder

Mir konzentréieren eis op méi ewéi just Entreprisen, déi fir hir Grafiken an mobil Verëffentlechungen bekannt sinn. Benotzt eis Rézensiounen vu Software-Ubidder fir déi bescht live-dealer Spiller ze fannen.

Spiller ewéi déi vun Evolution Gaming bidden Iech echtzäit-Aktiounen mat professionellen Dealeren, an dat alles duerch déi neisten Technologien. Dir kënnt méi iwwert déi Optioune gewuer ginn, doriwwer, wéi Resultater berechent ginn a wéieng Special-Features benotzt kënne ginn, fir d'Experienz nach eemol méi spannend ze maachen.

Mat esou ville Méiglechkeeten, gesäit d'Zukunft vum Online-Spill op allefall interessant aus.

Casino Software-Ubidder

D'Basis vun all Online-Casino ass d'Software. Dëss Technologie ass responsabel fir d'Ausgesinn vun engem Spill, d'Lizens, den Zoufallszuelengenerator an d'Spiller selwer. Déi ënnerscheedlech progressiv Jackpots a Funktiounen esou wéi de Banking ginn och vum Entwéckler entscheed.

Mat esou ville Saachen, déi vu Software-Studios festgeluecht ginn, ergëtt et natierlech Sënn, just déi bescht Spiller um Marché wëllen ze spillen. An dat ass de Fall fir all Ubidder, deen mir rezenséieren an Iech hei présentéieren. Dir sidd also hei bei eis ëmmer a gudden Hänn. Kuckt Iech déi bekannt Legenden aus der Industrie ënnen méi genee un.

Microgaming

1994 gegrënnt huet dëss Firma den éischten progressiven online Jackpot-Slot geschaf. Microgaming ass weltbekannt a gutt ugesinn. D'Equip huet net just Jore vun rfahrung hannert sech, mee ass och bekannt fir hiren innovativen Geescht. D'Sammlung vu Slot-Spiller ass hei besonneg impressionant, virunallem, well se ëmmer weider wiisst.

Reegelméisseg ginn et hei nei Verëffentlechungen. Fir de Moment zielt dësen Entwéckler iwwer 100 Slots, Video-Poker, Bingo, Keno, Rubbelkaarten, Dëscher an Arkaden-Spiller. Déi enorm gutt Grafik ass mat den klengen Détailer an dem Setting, deen ugepasst ka ginn, eppes ganz Spezielles, wat d'Spillerfahrung nach eng Kéier besser mécht.

Dir kënnt hei op flott Ausbezuelungen zielen, ee haalt op allefall de progressive Jackpot am Viséier. Et ass ee vun de gréissten um Marché, dee scho vill Spiller zu Millionäre gemaach huet. Dëss upassungsfäheg Software ass fir de Mobile, de Browser oder als Download erhältlech.

Playtech

En anere wichtegen Ubidden, Playtech, gouf viru 16 Joer gegrënnt. Haut zielt d'Firma iwwer 5000 Mataarbechter an 13 verschiddene Länner an iwwer 600 Casino-Spiller goufen ënnert dësem Numm lancéiert.

Déi wnnerschéi Sammlung vu bekannten 3D Dréispiller ass d'Juwel, déi dëss Firma ze bidden huet a woufir se bekannt ass. Mat onglaublech gudder Grafik a Jackpot Ausbezuelungen sinn dëss Dësch- a Kaartespiller, esou wéi de Rescht vu Playtechs Video-Poker mat Direktgewënn an Dealer-Optiounen, als Mobil-, Download- oder Direktspillversioun disponibel.

NetEnt

NetEnt gouf 1996, just zwee Joer no Microgaming gegrënnt an huet och enorme Succès um Marché. Dëse swedesche Ubidder ass fir seng realistesch Slots a seng spannend Themen bekannt. Dësch- a Kaartespiller, Direktgewënn, virtuell Sportspiller an eng in-house Live-Dealer Auswahl ronnen dëss Kollektioun perfekt of.

Och dëss Software ka mobil, per Download oder am Browser benotzt ginn. Se kënnt ausserdem direkt op zweeter Plaz no Microgaming wat de progressiven Jackpot ugeet. Dat bedeit, dass dësen Ubidder Iech mat massiven potentielen Auszuelugen lackele kann.

Evolution Gaming

Evolution Gaming konzentréiert sech op live Casino-Titelen, woufir dësen Ubidder, deen 206 gegrënnt gouf, och weltbekannt ass. D'Qualitéit an den Ausmooss vun dëse Live-Spiller ass net vergläischbar mat aneren an d'Equip schafft un ëmmer neien Iddien.

Hirt Pionéier-Konzept begräift och progressiv Jackpots bei Live-Spiller, Multi-Kamera Wénkelen, Softwares déi et Iech erlaben, richteg Casino-Aktiounen ze simuléieren an Dealeren, déi extra fir d'Kamera-Spill ausgebild sinn. Kuckt Iech hir Versioune vu Blackjack, Roulette, Poker, Baccarat an dem Dream Catcher-Glécksrad un.

BetSoft

BetSoft gëtt als ee vun de beschten Ubidder ugesinn, wat Slot-Spiller ugeet, an dat obwuel d'Firma net esou grouss ass wéi verschidden vun hiren Kompétiteuren. Hei läit de Fokus sécher op der Qualitéit an net op der Quantitéit an den Ubidder huet deementspriechend Spiller unzebidden, déi och an héiger Nofroo sinn, virunallem d'Dréispiller. Dëss Spiller si wéi en Konschtwierk, mat cinématëschen 3D Technologien a génialen Themen.

Aner weltklass Ubidder

Mir hunn hei déi grouss Akteuren opgezielt, mee d'Online-Casinos zu Lëtzebuerg huet nach vill méi grouss Software-Studioen unzebidden. Kuckt Iech eis Rézensiounen un a liest iwwer iSoftBet, Thunderkick a Pragmatic Play no, fir just e puer ze nennen. All Firma huet hir Palett un Entertainment unzebidden an Dir fannt hei sécher no wat Dir sicht.

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie