De Software-Ubidder Evolution

An der Welt vun de Live-Dealer Casinoen, ass den Software-Ubidder Evolution als Beschte bekannt. Offiziell als Evolution Gaming bekannt, huet d`Entreprise 2006 als klengen B2B Ubidder vu Spiller mat Live-Dealeren ugefaangen. Hautdesdaags ass et de gréissten live Casino-Software Ubidder op der Welt mat modernen Video-Streaming Softwaren, enger Dozen Spilldëscher a méi Spilloptiounen, wéi bei deenen aneren Ubidder. Hir Spiller wéi Dream Catcher, Lightning Roulette a Blackjack Party zielen zu de beschten a ganz Europa a gi vun de Spiller aus der ganzer Welt appréciéiert.

Lizens, Verloosslechkeet a Vertrauen

Evolution Gaming huet eng Lizens aus Malta a gëtt vun der Malta Gaming Authority reguléiert. Hir online Casino-Spiller ginn op Fairness a Genauechkeet iwwerpréift an d`Software soll den hächsten Sécherheetsmesuren entspriechen. An deene leschte Joren hu se sech e gudde Ruff ënnert de Spiller an ënnert de Clienten opgebaut. All hir Spiller bidden e Stream a gudder Qualitéit, deen adaptiv ass, wouduerch een also och bei luesem Internet keng Sekonn vum Spill verpasst.

Spill-Software

D`Casino-Software vun Evolution Gaming ass fir Computer an Handy disponible. D`Spiller sinn all am Instant-Play Format verfügbar, esou das see keng Software erofluede muss, mee een direkt ufänke ka mat Spillen. Desktop-Spiller kënnen iwwert hiren Web-Browser op all d`Titelen zougräifen. D`Spiller, déi vum Handy aus spillen, kënnen hirt Spill iwwert den mobile Browser streamen oder eng speziell App op den Android oder iOS eroflueden.

Firwat si déi Bescht sinn

Keen zweifelt un, dass Evolution Gaming de beschten Ubidder fir Live-Dealer Spiller ass. Net just an den Online-Casinoen zu Lëtzebuerg, mee op der ganzer Welt. Dee Ruff hu se sech duerch hir notzerfrëndlechkeet a qualitativ Spillerfahrung an hirer Casino-Software opgebaut. Keng aner Mark kënnt un hir Qualitéit, Zuel vu Spiller an Unzuel vu Variatioune run. Si sinn och den eenzegen Ubidder, deen hir Dealeren an eng Virbereedungsakademie schéckt, fir sech op déi virtuell Interaktioun mam Public virzebereeden. Doduerch kritt de Spiller ëmmer déi allerbeschten Spillerfahrung.

Spilloptiounen

Wann Dir de beschten Online-Casino zu Lëtzebuerg sicht, dann huet den Evolution Gaming alles wat dir braucht. Hir Sammlung u Spiller huet 4 verschidde Variatiounen vu Roulette, dorënner de bekannte Lightning Roulette. Fir déijéijneg, déi sech fir Poker interesséieren hu se 3-Card, Hold’em, Caribbean Stud an Ultimate Texas Hold’em Poker.

An hirer Blackjack-Sammlung hu se de klassesche Blackjack, de Blackjack Party an den Infinite Blackjack, bei deem onbegrenzt vill Spiller um nàmmlechten Dësch spille kënnen.

Si hunn och eng Sammlung vu Lobby-Style Spiller ewéi den Dream Catcher, Football Studio an elo och de Monopoly Live. Mam Monopoly kënne Spiller de klasseschen Dream Catcher mat erhéijte Réealitéitsbonus-Ronnen am Stil vum klassesche Briedspill spillen. Dir fannt hei awer och live Online-Casino Spiller wéi den Dragon Tiger, 2-hand Poker an de Free Bet Blackjack, wou Dir gratis Wette setze kënnt.

Déi neist Verëffentlechungen

Den Evolution Software-Ubidder erweidert sech kontinuéierlech um globalen Niveau a bréngt ëmmer neien Entertainment fir d`Spiller eraus. Zu hiren neisten Verëffentlechungen gehéieren de Super Sic Bo an den Deal or No Deal. Den Super Sic Bo moderniséiert dat traditionnelt Wierfelspill a brèngt nach e puer Spiller mat an d`Ronn. Et kann een an deem Spill och e Multiplikator landen, wouduerch een dann vill méi gewënnt, wéi een et sech iwwerhaapt erhofft hat. De Live Dealer oder No Deal bréngt déi beléift Sendung a Form vun engem 24/7 Spill nees zeréck op den Ecran mam Zil erauszefannen, op an der Këscht méi Sue sinn wéi d`Bank ubidd.

All Online-Casino zu Lëtzebuerg muss hei also deen Ubidder an hirer Sammlung opweise kënnen, wann e senge Spiller och wierklech dat Bescht vum Beschte bidde well.

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie