Microgaming Software-Ubidder Rézensiounen

De Software-Ubidder Microgaming gouf op der Isle of Man um Ufank vum Casino-Zäitalter am Joer 1994 gegrënnt. Mat der Zäit si se zum gréissten Akteur ginn am Beräisch vun online casino an der Welt vum iGaming. Esouwuel d’Spiller wéi och d’Bedreiwer beschreiwen se als déi bescht an der Branche. Se hunn eng Lizens vun MGA a vun der UK Gambling Commission. Se erméiglechen de Spiller aus Lëtzebuerg an dem Rescht vun der Welt, Spiller op verschiddenen Plattformen ze spillen, dorënner de Computer, de Smartphone an den Tablet. An hirem Spillkatalog fënnt ee Spiller ewéi:

●        Multiplayer

●        Mobile

●        Poker

●        Reelle Casino

●        Bingo

●        Sportwetten

●        Live-Dealer

Se bidden ausserdeem Léisungen fir Entreprisen an d’Quickfire-Plattform un. Et gëtt gemunkelt, dass de Software-Provider Microgaming ganz vir am Rennen ass bei der Entwécklung vu Virtual Reality Spiller an dat se an deem Beräisch bei wäitem déi Gréisst an Erfollegräischst sinn. Mat iwwer 850 Spiller an 1200 Varianten si se zënter hirer Grënnung virun 20 Joer wäit komm.

Just ee Joer nodeems se den éischte Casino op der Welt lancéiert hunn, hu se eng Rei Instrumenter entwéckelt an erausbruecht, déi hire Clienten dobäi hëllefe sollen, online Spillsäiten z’administréieren, d’Spillgewunneschten vun de Spiller ze verfollegen an hire Gebrauch ze monitoren. Duerch d’Qualitéit vun dësen Instrumenter ass dësen Ubidder dunn schnell de weltbeschten a beléiftsten System-Ubidder ginn. Haut këmmere se sech em honnerten vu Siten op der ganzer Welt, ënner anerem em Äre éiwsten Online-Casino zu Lëtzebuerg!

Mee si schafen net just brilliant Softwaren. Am Joer 1997 hu se den Interactive Gaming Council gegrënnt, e Forum deen et Membren aus der iGaming-Industrie erméiglecht sech ze treffen an auszetauschen.

All d’Mobile-Méiglechkeeten

Esou wéi et bei all seriöen Software-Ubidder an der iGaming-Idustrie hautdesdaags de Fall ass, bitt de Microgaming Software-Ubidder dee mir all kënnen an appréciéieren bal all seng Spiller och a kompletter mobile Variant un. D’Casinoen, déi een erofluede kann, hu speziell Applikatiounen fir mobil Benotzer an déi internet-baséiert instant-play Plattformen bidden HTML5 Kompatibilitéit un. Dat heescht bal all Machinn ka benotzt ginn, fir op d’Spiller zouzegräifen.

Fantastesch Spiller

Mat all dene Spiller, déi se ubidden, iwwer 1200 Versiounen vu méi wéi 850 Titlen, fannt Dir iwwer 40 bekannt progressive Jackpots, iwwer 35 Multiplayer-Spiller an iwwer 350 mobil Spiller. 2018 ass e Joer vu Rekorder, nodeems Mega Moolah den ale Rekord nach eng Kéier gebrach hat, andeems am Oktober 2018 engem Mobile-Spiller insgesamt 18,9 Milliounen Euro ausbezuelt goufen nodeems awer schonn 8 mol am nämlechte Joer den Jackpot getriggered gouf. Villäit gitt Dir jo den nächste Spiller, deen e liewensverännernden Gewënn aus dem Online-Casino zu Lëtzebuerg mat heem huelen daerf!

Säiten déi zertifiéiert fair sinn

Den Ubidder huet eng grouss Roll an der Schafung vun eCOGRA gespillt, der onofhängescher Firma, déi d’Spiller no Fairness a Spillerschutz test. Déi meescht Spiller hunn d’Qualitéitssigel vun eCOGRA. Dëst Qualitéitssigel définéiert well d’Éierlechkeet, d’Fairness an d’Transparenz fir seng vérifiéiert Membren a bitt och Interfacen, wou d’Spiller aus dem Microgaming Casino zu Lëtzebuerg hëllef bei Onstëmmegkeeten fanne kënnen.

Eng superieur Software

Viper ass déi bekanntest Software a ka vun all Microgaming Casino Lëtzebuerg Säit, déi vun der Mark gepowered ass, erofgeluede ginn. Virunallem këmmert et sech em den Interface, deen d’Spiller benotze kënnen fir mam Site ze kommunizéieren, em déi hyperrealistesch Grafik an em d’Audio-Effekter, déi de Spiller eng onvergiesslech Spillerfahrung bidde sollen. Se bidden elo och eng Rei vu Live-Dealer Spiller un, ewéi Live Baccarat, Live Blackjack, Live Casino Hold’em, Live Roulette a villes méi. Doduerch kënnen d’Spiller déi ganz sozial Interaktioun aus engem reelle Casino genéissen, mee mat de praktesche Virdeeler aus der virtueller Welt.

Microgaming schafft och enk mat anere Spillentwéckler zesummen an huet viru kuerzem exklusiv Deal mat Switch Studios, Fortune Factory Studios a Slingshot Studios annoncéiert, fir der just e puer ze nennen. Booming Games gëtt zum Partner, Quickfire ënnerschreift och e Vertrag mat hinnen a Foxium ass e weidere Numm op der Lëscht vun den Entwéckler, déi vun enger Zesummenaarbecht mat hinnen profitéiere wäerten.

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie