NetEnt software Ubidder Rezensioun

NetEnt, fréier als „Net Entertainment” bekannt, gehéiert zu de gréissten Casinospillentwéckler op der Welt. 1996 gegrénnt a mat Sëtz a Schweden huet dëss Firma sech global ausgebreet an an der Tëschentzäit Geschäfter op der ganzer Welt lafen. Se gehéiert zu den Pionéier an der iGaming Industrie an huet d'Fundament fir den Gaming an den Design vu Plattformen geluecht.  Den NetEnt Software-Ubidder ass nach ëmmer féierend an der Industrie an huet als éischten Java-baséiert Spiller an Live-Dealer Plattformen agefouert.

Et handelt sech heibäi ëm en Ubidder mat Lizens deen och reguléiert ass a bitt doduerch de Spiller zu Lëtzebuerg, an Europa an op der ganzer Welt legal Spillaktivitéiten un. Hir Spiller ginn an iwwer 25 verschiddene Sproochen ugebueden a se hunn superb Grafiker an héisch Ausbezuelungen opzeweisen. Dësen Ubidder ass esou dominant an der Spillindustrie, dass en schonn eng Unzuel vu Präiser gewonnen huet, ewéi Innovatioun an RNG Casino-Softwaren, mobilen Ubidder vum Joer an RNG Casinoubidder vum Joer (”RNG Casino Software”, “Mobile Supplier Of The Year” an “RNG Casino Supplier Of The Year”).

Software -Optiounen

Online-Casino Säiten zu Lëtzebuerg déi vun dësem Entwéckler bedriwwe ginn, hu Villes unzebidden. Iwwer d'Joren eweg ass dësen Entwéckler duerch eng Unzuel vu Modellverännerungen gaangen. En hat mat engem kompletten Desktop-Download ugefaangen mee huet sech schnell weidernetwéckelt fir direkt Spillen ze erméiglechen. Amplaz Flash lafen ze losen, huet en Java-Spiller agefouert, déi méi accessibel waren a méi schnell am Web-Browser geluede goufen.

Bis 2011 haten se hir mobil Casino-Plattform mam Numm “NetEnt Touch” lancéiert. No mol kengem Joer haten se déi gréissten Bibliothéik vu mobilen Online-Spiller unzebidden déi op all de grousse Marken an Apparater accessibel waren. Hautdesdags baséiert hir mobil Plattform op HTML 5 Technologien, déi perfekt mam Desktop a mat Handien kompatibel ass. Dëss instant Spill-Software erméiglecht de Spiller, hir Liiblingsspiller duerch e ganz einfacht Aloggen mam Desktop oder mibile Browser ze spillen, ouni dass een eppes erofluede muss.

Top Slots

NetEnt Casino Säiten zu Lëtzebuerg si fir hir impressionant Selektioun vu Spiller bekannt, mat Slots, wou fir all Spillertyp eppes dobäi ass. D'Slots vun dësem Spilllentwéckler si mat der beschter Grafik ausgestattet, digitalem Sound, interessanten Themen an den hächsten Jackpots, déi et hautdesdas gëtt. Verschiddener vun hiren Slots si weltbekannt an obwuel se eréischt virun e puer Joer verëffentlecht goufen, zielen se haut zu den meescht-appréciéierten Titlen an der Industrie. Dozou zielen Verëffentlechungen ewéi Gonzo’s Quest, Starburst an Dead or Alive.

D'Slots vun dëser Mark kommen a verschiddene Gréissten a Formen, vun de leschten 3D Video-Titlen bis zu de klasseschen Uebst-Maschinnen, Vegas-Style an Optiounen mat progressiven Jackpots. All Titel gëtt entwéckelt, andeems een de Spiller wierklech am Kapp behält an de Fokus läit op der Schafung vun engem räischen an immersiven Spill-Emfeld.

Spiller mat progressivem Jackpot

Esou wéi säi Konkurrent Microgaming huet de Software-Ubidder NetEnt ee vun de gréissten progressive Jackpots op der ganzer Welt. D'Selektioun vu Jackpot-Slots ass a ganz Europa bekannt an huet scho vill Spiller a just Sekonnen zu Millionäre gemaach wann déi mat Chance déi richteg Kombinatioun erwëscht hunn. Se hu Milliounen duerch Titlen ewéi Mega Fortune, Arabian Nights an Hall of Gods eng Rëtsch vu Jackpots ausbezuelt an deene leschte Joren.

Aner Spill-Optiounen

NetEnt Casino Säiten zu Lëtzebuerg hu méi wéi just Slots unzebidden. Hir Spillbibliothéik ass voll mat nach anere Spillgenren, ewéi elektroneschen Entertainment ewéi Bingo, Keno a Video Poker oder virtuell Kaarten- oder Dëschspiller wéi Roulette, Baccarat, Blackjack, Red Dog an Texas Hold’em Poker. Se hunn och eng grouss Auswahl u Rubbelkaarten unzebidden esou wéi aner Direktgewënn.

A wéiwann dat net genuch wier, ass den Entwéckler och an den Live-Dealer Marché gaangen. An obwuel en nach net déi gréissten Sammlung vu Live-Dealer Spiller huet, esou huet en awer deelweis déi bescht Titlen fir Blackjack and Roulette, déi et um Marché gëtt, mat HD Video-Streaming and erweiderten Wettoptiounen. options to date, with HD video streaming and extended betting options.

Am Allgemengen ass den Software-Ubidder NetEnt ee vun den féierenden um Marché an bitt innovativ a speziell Entertainment-Erfahrung ann deenen, déi den Online-Casino zu Lëtzebuerg genéissen.

Copyright © 2024 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie