Rezensioun vum Softwarebedreiwer Yggdrasil

Yggdrasil ass een a Schweden baséierten online Casino Softwareentwéckler deen 2013 gegrënnt gouf. De Frederick Elmqvist, e Veteran an dëser Industrie dee virdrun bei NetEnt als Manager geschafft huet, huet d’Mark lancéiert an ass nach ëmmer de CEO. Obwuel d’Firma sech am Ufank ausschliisslech op d’Verëffentlechung vu Slotten konzentréiert huet, huet si elo och kierzlech ugefaangen divers aner Spiller mat anzebezéien. Fannt méi iwwer de Softwarebedreiwer Yggdrasil eraus an liest och wisou Dir hir Spiller hei ausprobéieren sollt.  

Nordesch Inspiratioun

An der nordescher Mythologie ass den Yggdrasil e Bam deen all 9 Welten mateneen verbënnt. Andeems si dësen Numm an Bam als Logo benotzt, illustréiert d’Firma hiren Wonsch esou vill Spiller wéi méiglech z’erreeche fir eng befriddegend Erfarung z’erschafen. D’Glécksspillindustrie schéngt deem och zouzestëmmen, d’Firma gouf elo kierzlech mam renomméierten 2019 EGR B2B Präis als RNG Casino Fournisseur vum Joer gekrount.

De Wonsch vum online Casino Softwarebedreiwer zur Exzellenz ass an all Spill dat si verëffentlechen offensichtlech. Andeems si eng héichmodern HTML5 Technologie benotze stellen si sécher dat hir Spiller mat allen Desktopen, Tablets an Smartphonen kompatibel sinn an dat den Zougrëff vun all Browser aus méiglech ass. D’Technologie ass och ganz kompatibel mat anere Marken.

D’aussergewéinlech Grafik, d’kreativ Themen an den innovativen Design maachen doraus eppes Eenzegaarteges. D’iSENSE mobil Web Applikatiounen, déi betribsintern fir Android an iOS Systemer entwéckelt goufen, suergen dofir dat d’Spillen nach méi fléissend an immersiv ass.

D’Lizenze vun vertrauenswierdege Regulateuren wéi zum Beispill d’britesch Glécksspillkommissioun, d’maltesesch Spillautoritéit an d’Regierung vun Gibraltar suerge fir e faire Spilloflaf. Fir nach méi berouegt spillen ze kënne gëtt de Softwarebedreiwer Yggdrasil ausserdeem vun der onofhängeger Ecogra gepréift a recommandéiert.

Genéisst weltbescht Slotten

Obwuel Yggdrasil hir Auswiel un aner Spiller elo kierzlech erweidert huet, bléift d’Firma awer nach ëmmer am beschte bekannt fir hir Slotten. All Spill huet eng detailléiert Handlung mat gudder Grafik, Soundeffekter an Spezialfunktiounen déi Iech all an verschidde Welten bréngen.

Wann si online Casinoen ausprobéieren, da prioriséieren d’Spiller aus Lëtzebuerg ëmmer d’Slotsektioun, a wann de Site d’Spiller vun Yggdrasil benotzt, da wäerten si sécher net enttäuscht ginn! Wilds, Scatters, gratis Dréiungen a Multiplizéierer sinn just e puer vun den extra Funktiounen déi d’Spillqualitéit erhéijen. Hir innovativ Kaafbonus-Funktioun, déi fir d’éischt am Dark Vortex Slot benotzt ginn ass, gëtt de Spiller, déi op der Sich no enger nach méi schneller Action sinn, d’Méiglechkeet, sech den Wee direkt bis zur gratis Dréiung-Ronn ze kafen.

D’progressiv Jackpotten bréngen reegelméisseg grouss Präisser mat, mee och d’Jackpotten déi net progressive sinn, sinn zimlech spendabel. Den héijen Pourcentage un Erträg bedeiten dat Dir eng gutt Chance hutt ze gewannen wann Dir un den Rieder dréint. Zu den beléiftsten Slotten vum Softwarebedreiwer Yggdrasil gehéieren den ‘Magic Mushroom’, ‘Beauty and the Beast’ an den ‘Nitro Circus’.

Fokus op nei Verëffentlechungen

Am Moment huet sech d’Entwécklung vun Live Casino D haaptsächlech op den Blackjack fokusséiert. Allerdéngs sinn nei Blackjack an Roulette Verëffentlechungen an Zukunft virgesinn. An engem online Casino a Lëtzebuerg dee vun dëser Mark bedriwwen gëtt, kënne sech d’Spiller op de ‘Lucky Blackjack’, den ‘Dr Fortuno’ a ‘Sonya Blackjack’ freeën, déi alleguerten grouss Säitenasätz an aner Spezialfunktiounen ubidden.  

Esouwuel ‘Lucky Blackjack’ souwéi ‘Sonya Blackjack’ benotzen REDUX, eng impressionnant betribsintern Beweegungs-Erfaassungstechnologie, déi vum Softwarebedreiwer Yggdrasil entwéckelt gouf, fir domat immersive Animatiounen ze gestalten. Dir interagéiert mat Ärem Dealer, esou wéi een et normalerweis bei Live Casinospiller mécht, an Dir kënnt och géint Är Dëschnoperen ukämpfen, wéi dat an den RNG Spiller de Fall ass. An anere Wieder kënnt Dir vun de beschten Saachen aus deenen zwee Welten profitéieren! Dat fantastescht Spill ‘Dr Fortuno’, dat op Zirkus Motiven baséiert, setzt och de REDUX an hirer Blackjack Action an, an de Schwesterslot ass just genau esou impressionnant.

Eng Innovatioun an der Firma ass de Fait dat Yggdrasil deeglech queer-vertikal Jackpotten ubitt déi an de béiden Dr Fortuno Spiller ausgeléist kënne ginn. D’talentéiert Designer an Entwéckler vun der Firma hu schonn aussergewéinlech a visuell attraktiv Spiller kreéiert a si plangen elo offensichtlech mat der Entwécklung vun hirer Mark an Zukunft weiderzefueren. Mir si gespaant drop wat si elo als Nächstes maachen!

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie