>   Sport Glossaire

E Glossaire mat den Termen aus dem Beräich vun online Sportswetten

Accumulator – Eng Art vu Wett déi méi Selektiounen involvéiert. De gesamte Gewënn gëtt mateneen multiplizéiert mee all d'Selektiounen musse gewannen, fir dass de Spiller ausbezuelt gëtt.

Ante Post – Gëtt bei Päerdsrennen gebraucht; Wetten, déi den Dag virum Rennen gemaach ginn. D'Wett ass verluer, wann d'Auswiel net beim Évènement matmécht.

Bar Price – D'Gewënnchance vun enger Wett beim leschte Präis den uginn gouf oder méi héisch

Blanket Finish – Gëtt bei Päerdsrennen gebraucht; Beschreiwt den Ausgang vun engem Rennen, bei deem e puer Päerd bal zäitgläisch ukommen

Book – Déi gesamt Unzuel a Gewënnchancen vun engem Wettkämpfer, déi e Gewënn fir de Wettubidder garantéiert

Canadian – Art Multiple, déi aus 26 Deeler besteet

Correct Score – Eng Wett, déi en Endresultat vun engem Spill prophezeit

Dead Heat – Gëtt bei Päerdsrennen gebraucht; op mannst zwee Participanten komme sech esou no, dass e Gewënner net ausgemaach ka ginn an individuell Zäite net kënne geholl ginn. Fotoe ginn hei benotzt, fir d'Resultat z'établéieren

Decimal Odds - Gewënnchancen, déi am Dezimalformat duergestallt ginn, wéi zum Beispill 5.30 oder 6.10

Distance – D'Distanz bei engem Päerdsrennen, gëtt a Furlongs gemooss

Double – Eng Wett mat zwou Selektiounen aus zwee verschiddenen Eventer

Drift – Eng erhéigung an de Gewënnchancen aus mangelndem Interessi vu Spiller, déi drop wette wëllen

Each-Way – Eng Kombinatiounswett, bei der een Asaz op de Gewënner vum Päerdsrennen gesat gëtt an en aaneren Asaz op en aanere Leefer

Even Money – Asaz mat Gewënnchancen, déi bei 1:1 stinn

Exacta – E Päerdscourseasaz; de Spiller, deen d'Wett mécht, seet an der richteger Reihefolleg viraus, wéieng zwee Päerd als éischt an d'Ziillinn kommen

Favourite – Selectioun mat den niddregsten Gewënnchancen fir e bestëmmt Évènement

First Goal Scorer – Am Fussball; Wett doriwwer, wéie Spiller den éischte Goal an engem Spill wäert maachen

First Try Scorer – Am Rugby; Wett doriwwer, wéie Spiller den éischte Versuch an engem Spill wäert maachen

Fixed Odds – De Präis gëtt beim Wettasaz festgeluecht an d'Ausbezuelung ännert sech net, egal op d'Gewënnchancen sech veränneren oder net

Form – Den Historique vun de Leeschtungen vun enger Selektioun/Wettauswahl

Fractional Odds – D'Gewënnchancen ginn am Fraktiounsformat duergestallt, wéi zum Beispill 5/1

Goliath – Multiple Wettasaz mat 247 Selektiounen

Handicap – Art a Weis fir en eesäitegt Évènement fir Spiller méi attraktiv ze maachen

Head to Head – De Spiller oder d'Equip, déi gewënnt, prognostizéieren

Joint Favourites – Wann zwou Selektiounen net opgedeelt kënne ginn, well se allen zwee zu de Favorite gehéieren an doduerch d'Gewënnchancen bei deenen zwee nämlecht stinn

Lay – Eng Wett setzen oder prognostizéieren, dass eppes net wäert gechéien. Gesäit een oft op Siten, déi Tauschwette maachen

Layer – E Wettubidder oder Spiller, deen eng Wett setzt

Long Odds – Héich Gewënnchancen, déi vermutlech net wäerte gewannen

Match Bet – Am Golf; Eng Wett doriwwer, wéie Spiller déi meecht Punkten am Tournament wäert maachen

Non-Runner – E Päerd, dat fir eng Course ageschriwwen ass mee dann awer net leeft

Odds – Präis vun enger Selektioun; ass och eng Indikatioun wat d'Gewënnchancen ugeet

Odds-Against – Wann ee méi duerch d'Wett gewanne kann, wéi dat, wat een agesat huet

Odds-On – Wann ee méi setze muss wéi dat, wat een gewanne kéint

Outsider – De Géigendeel vun engem Favorit

Over/Under – Eng Wett doriwwer, op d'Ennresultat iwwer oder ennert dem Resultat ass, dat vum Wettmaache ugi gouf

Picks – Selektioun, déi e Wett-Expert gemaach huet

Price – Gewënnchancen vun enger bestëmmter Selektioun

Return – Wat e Spiller ausbezuelt kritt, wann e gewënnt

Shortening the Odds – Wann d'Wettmaacher d'Gewënnchancen erofschrauwen, well vill Leit schonns dodrop gewett hunn

Show – Lëscht mat Gewënnchancen vun enger bestëmmter Course

Singles – Einfache Wettasaz mat enger eenzeger Gewënnselektioun

Spread Betting – d'Ausbezuelung gëtt ausgerechent, andeems gekuckt gëtt, wéi falsch oder wéi richteg d'Wett war. Den héige Risk gëtt un den héige Präis ugepasst.

Stake – D'Suen, déi verwett ginn

Starting Price (SP) – De Präis vun engem Päerd kuerz virun der Course

Sure Thing – Wett mat extrem gudde Gewënnchancen

Tips – d'Auswahl vu Wett-Experten

Treble – Multi-Wett mat dräi Selektiounen aus ënnerscheedlechen Évènementer

Underdog – D'Equip mat de méi niddrege Gewënnchancen

Value – Wann een déi bescht-méiglech Gewënnchancen op eng Wett kritt

Void Bet – Wann eng Wett als ongülteg déklaréiert gëtt

Win – Wann een op déi éischt Plaz kënnt

Winning Margin – Wett déi beseet, mat wéiengem Ënnerscheed de Gewënner vir läit

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie