Hollännesch Online-Wett-Reglementer hunn e Retard

Hollännescht Spillgesetz a Verspéidung
Holland huet e Retard vun hiren neien Online-Wett-Reglementer ugekënnegt. De Sander Dekker,   Justiz- a Sécherheetsminister, huet dem Parlament gesot, datt et sech bei dëser Verspéidung ëm 6 Méint géing handelen, an datt den neie Remote Gambling Act (KOA) eréischt den 1. Januar 2020 a  Kraaft trëtt. Dëst huet och Folge fir Bedreiwer, déi dëst Joer keng  Lizenz wäerten ufroe kënnen, an et gi keng Lizenzen fräigi bis nom éischte Juli 2020.

De KOA gouf vum hollännesche Parlament am Februar dëst Joer accordéiert, an d'Kansspelautoriteit, déi hollännesch Spill-Autoritéit, huet zanterdeem un de Reegele geschafft, déi vun deem Gesetz regéiert gi wäerten. Et ass eng grouss Entreprise sécherzestellen datt d'Reegelen a Reglementer all an der Rei sinn, ier d'Gesetz a Kraaft trëtt. Et wäert déi éischt Kéier sinn, datt an dësem Land Online-Wetten als legal consideréiert gëtt.

De Remote Gambling Act (KOA)

D‘Gesetz selwer ass an zwee Beräicher agedeelt. Deen éischten ass d‘Legaliséierung vum Online-Wetten an Holland. Wéi d‘Saache momentan sinn, agéiere Bedreiwer déi de Leit am Land Casino-Spiller ubidden op illegaler Basis. D‘Reglementer an dësem Beräich vum Gesetz hunn all mat der Lizenzéierung fir d‘Bedreiwen ze dinn: vum Prozess vum Ufroe vun der Lizenz bis hin zu de Prozesser déi d'Bedreiwer musse verfollegen nodeems se approuvéiert sinn.

Den zweete wichtege Beräich vum Gesetz ass d‘Protektioun vu Risiko-Gruppen, virun allem déi, déi ufälleg fir Spillsuchte sinn. Et ass essentiell datt d'Reglementer hei dofir suergen datt all lizenzéierte Bedreiwer Prozeduren huet, fir d'Spiller viru Schued ze schützen. D‘Reglementer beschäftege sech och mat der Publicitéit vu Wett-Bedreiwer.

Soubal de KOA a Kraaft trëtt, kënnen d‘Bedreiwer Lizenzen a véier verschiddene Kategorien ufroen:  Spiller-géint-Bedreiwer Games, Spiller-géint-Spiller Games, Sportswetten a Päerdsrennen. Bedreiwer musse fir all Kategorie, a pro Websäit, déi d‘Spill ubitt, eng aner Lizenz hunn.

KSA fiert weider mat Ermëttlungen

Vu datt d‘Gesetz Online-Spillen nach net legaliséiert huet, ass all Bedreiwer, dee momentan hollännesche Gamer Spiller ubitt, als illegal ugesinn. D‘Kansspelautoriteit leed am Moment Enquêtë géint eng Partie Firmen, ënnert anerem Royal Panda, Casumo, Unibet, PokerStars, Casino.com a LeoVegas. All dës hu momentan hollänneschsproocheg Servicer op hire Websäiten. Déi, déi schëlleg fonnt gi, musse Geldstrofe vun honnertdausende Euro bezuelen.

Andrej Müller
November 2019